Radioen

On air

Notturno  |  Whitney - No Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géint e Verfassungsreferendum elo

Fräie Mikro

Géint e Verfassungsreferendum elo

D'Diskussioun ronderëm eng nei Verfassung riskéiert am Moment wéinst den Ausernanersetzungen ëm d'Covid-Kris net nëmmen an den Hannergrond ze geroden, mee och vun den Impfgéigner mëssbraucht ze ginn. Dofir plädéiert de Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, géint e Referendum zum jëtzegen Zäitpunkt, mee mécht e Virschlag fir spéider.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass fréiere Senior-Professer op der Uni Lëtzebuerg a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum. Foto: Archiv

Ech hu 25 Joer laang an engem technesche Lycée Instruction civique enseignéiert. Fir mech war dat e Cours d'éducation politique. Ech hu menge Schüler gesot, datt Demokratie ëmmer nees op en Neits muss verdeedegt a verdéift ginn, datt ech fir méi Referendume sinn, sou wéi an der Schwäiz, a géint d'Walflicht, déi schwéier mam demokratesche Gedanken ze vereenen ass.

Ech sinn haut anerer Meenung. Spéitstens de Referendum vun 2015 war mer eng Léier, net well mech d'Resultat enttäuscht hätt, mee well e gewisen huet, wéi séier Wieler sech vun engem klenge Grupp Rietspopuliste verféiere loossen.

Et geet net ëm d'Fro vun der Justiz

Dofir héieren ech mat enger gewësse Berouegung, datt d'Initiativ fir e Verfassungsreferendum kaum 25.000 Ënnerschrëften zesummekritt. Och hei geet et jo manifestement net ëm déi Fro, déi zur Debatt steet, nämlech d'Kapitel Justiz an der Verfassung. Firwat stéingen nämlech grad d'Impfgéigner hannert där Initiativ, wou an deem Kapitel dach grad d'Onofhängegkeet vun de Riichter an dem Parquet vis-à-vis vu Regierung a Chamber endlech an d'Verfassung ageschriwwe gëtt.

Si hu net eréischt déi lescht Woch gewisen, wat si vun demokrateschen Decisiounen halen, mee hate scho mat Hëllef vum ADR - dee leider eenzege Ronnen Dësch am Tramsschapp, bei deem d'Chamber wollt iwwer déi Verfassungsreform informéieren - platze gedoen.

De Risiko vu Manipulatioun

Et besteet keen Zweiwel, datt d'Lëtzebuerger Gesellschaft duerch eng zanter Joren undauernd Wunnengskris frustréiert ass an datt duerch d'Aschränkungen, déi d'Covid-Kris mat sech bréngt, déi Ängschten elo liicht ze manipuléiere sinn, fir eist friddlecht Zesummeliewen a Fro ze stellen.

Mee souguer de Premier huet an der Chamber zouginn, datt d'Politiker méintelaang geläämt an zerstridden nogekuckt hunn, grad ewéi 1930 déi demokratesch Parteien an Däitschland keng Äntwert op d'Nazie fonnt hunn, déi vun enger ekonomescher a politescher Kris profitéiert hunn, fir hir Märercher ze verzapen. Deemools sinn d'Wieler en masse op deenen hir simplistesch a rassistesch Erklärungen eragefall an hunn d'SA bewonnert, déi drageschloen hunn, wann een hinnen am Wee stoung.

Eng Propos: iwwer déi véier Kapitelen ofstëmmen

An där Situatioun géif ech géint e Referendum elo plädéieren, mee mech dem Paul-Henri Meyers sengem Virschlag uschléissen. D'Chamber soll déi aner dräi Kapitele vun der Verfassungsreform och diskutéieren, awer iwwer allen dräi dee selwechten Dag ofstëmmen. A gläichzäiteg soll se eng Motioun stëmmen, mat där se sech virhëlt, de ganzen Text ze glätten, nei duerchzenummeréieren, an eventuell vun engem Schrëftsteller sproochlech iwwerschaffen ze loossen, sou wéi d'Schwäizer Parlament de Max Frisch gefrot hat.

An da soll sech vum Wieler per Referendum bestätegen ze loossen, datt de Souverän hanner deem neie Gesamttext steet. Et wier e staarkt Signal vun den demokratesche Parteien, datt si sech eens a bereet sinn, hir Aarbecht vum Vollek validéieren ze loossen.

Fir eng weider Radikaliséierung vun der politescher Ausernanersetzung ze verhënneren, dierfen déi demokratesch Parteien net de Feeler vun den däitsche Parteien Ufanks den 30er Jore widderhuele: si mussen hir parteipolitesch Interessie vergiessen an zesummen eng nei Verfassung presentéieren, déi den haitegen Erausfuerderungen ugepasst ass.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.