Et war d'Biergerinitiative vu Stengefort "Kee Containerduerf am Duerf", déi d’Plainte um Tribunal Administratif gemaach hat. Hiert Argument: An engem Containerduerf géifen d’Flüchtlinge ghettoiséiert ginn, an dat géif Problemer schafen.
E weidert Argument: um Site gouf eng rar Zort Fliedermais fonnt, déi geschützt ass. Wéinst deem Argument huet d'Geriicht de Projet elo gestoppt. Fir de Minister François Bausch ass d'Uerteel eng Katastroph, well elo och aner Bauprojeten a Gefor sinn.
D'Gemeng Stengefort bleift awer bei hirem Engagement, fir 300 Flüchtlingen opzehuelen, sou den CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Wirth am 100,7-Interview. Allerdéngs ënnert der Konditioun, datt si a méi klenge Strukturen am Duerf ënnerbruecht ginn, sou wéi de Gemengerot dat scho virdrun decidéiert hat. Et solle just maximal 100 Leit an d'Containerduerf kommen, di aner 200 sollen an anere Logementer ënnerbruecht ginn. "Wann d'Containerduerf da kënnt", sou de Jean-Marie Wirth.
Inventaire vu méigleche Logementer
De Buergermeeschter wéilt elo di nächst juristesch Schrëtt ofwaarden. Och de Minister Bausch soll demnächst mat him Kontakt ophuele fir een Inventaire ze maachen, wou a wéi vill Wunnengen d'Gemeng ka bereet stellen. Den Ament stéinge fënnef Logementer prett.
D'Gemeng hätt och nach d'Méiglechkeet, déi al Schoul a dat aalt Paschtoueschhaus zu Hoen, grad wéi dat aalt Spidol zu Stengefort ëmzebauen. Wéi vill Leit do kéinten een neit Ënnerdaach fannen, kann de Stengeforter Buergermeeschter awer nach net soen.
"Mir si prett, mir waarden elo op de Minister, fir Kontakt opzehuelen", sou de Jean-Marie Wirth.