D'Komplexitéit am Amenagement communal wier esou grouss, datt just nach Spezialiste sech dra géifen erëmfannen, seet den Emile Eicher. Dat wier och d'Ursaach, firwat vill Gemengen net mat hire PAGe virukomm wieren.
De President vum Gemengesyndikat Syvicol an CSV-Deputéierte fuerdert eng administrativ Vereinfachung vun de Prozeduren ouni d'Qualitéit opzeginn. Dofir misst een awer an der Quantitéit an an der Intensitéit erofgoen, esou den Emile Eicher.
Et géifen zum Beispill "onwahrscheinlech Etüden" ginn, déi deelweis "iwwerhaapt näischt an enger Gesellschaft" géife bréngen, déi an enger stänneger Verännerung ass. Amplaz fuerdert den Emile Eicher, datt een do net bis op de leschten Detail muss goen, well dat géif näischt bréngen.
Gemenge méi systematesch abannen
Den Dialog tëschent de Gemengen an der Regierung hätt sech déi leschte Joren däitlech verbessert, esou den Emile Eicher. De Gemengesyndikat misst an Zukunft awer nach méi systematesch agebonne ginn an d'Affären, déi d'Gemenge betreffen.
Bei verschiddene Ministere géif dat gutt klappen. Bei aneren net, wéi zum Beispill rezent beim Landwirtschaftsministère, wou d'Gemengen de Gesetzesprojet iwwer de Remembrement no engem Regierungsrot entdeckt hätten.
De Syvicol fuerdert och nach ënner anerem, datt Buergermeeschteren a Schäffen nees an de Verwaltungsréit vun den Office socialen dierfe vertruede sinn. Doduerch géifen d'Gemengen nees méi Kontakt mat der Realitéit um Terrain kréien.