Zu Déifferdéng kréien d'Cafeéen a Restauranten e Bréif vum Schäfferot: dora gëtt rappelléiert, datt d'Bedreiwer an d'Cliente sech mussen un d'Hygiènesmesuren halen, esou d'Buergermeeschterin Christiane Brassel-Rausch. Wa sech net dru gehale gëtt, da kéint si eng Autorisatioun fir d'Terrass ewechhuelen, "oder wann et ganz schlëmm géif ginn, kann ech iwwer d'Police administrative d'Lokal iwwer Nuecht bis den nächsten Dag zoumaachen".
D'Restaurante wieren der grénger Buergermeeschterin no manner de Problem, mee éischter d'Caféen, wou Leit géifen onerlaabt no beienee stoen. "Dir musst sëtzen, oder sollt sëtzen, wann der op enger Terrasse sidd an do consomméiert." D'Reegele géifen dacks net agehale ginn, vill Leit géife keng Mask undoen. "Dat si jo awer och Infektiouns-Foyeren."
Generell hätt si den Androck, datt verschidde Bierger d'Hygiènesmesuren net eescht genuch géif huelen, esou d'Christiane Brassel-Rausch, "mee ech mengen all Stad huet dee Problem". Zuelen iwwer déi spezifesch Situatioun an der Gemeng huet d'Christiane Brassel-Rausch wéi gesot net. Et wier awer méiglech, datt déi nach kéimen.