Radioen

On air

Notturno  |  Quantum Dot - Okay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengen: "Mir schaffen un enger Exit-Strategie"

Gesellschaft

Gemengen: "Mir schaffen un enger Exit-Strategie"

D'Gemengen sinn amgaang Iddien auszeschaffen, wéi een déi aktuell Quarantän nees lues a lues kann ophiewen. Am Moment géif ee mat der Regierung doriwwer beroden, wéi eng Gemengeservicer als éischt nees kéinten an den normale Betrib iwwergoen, sou de President vum Gemengesyndikat Syvicol. Den Emile Eicher huet och betount, et misst ee bedenken, wéi eng Roll d'Gemengen iwwerhuelen, wann d'Schoulen erëm opginn.

auto_stories

2 min

Den Emile Eicher ass President vum Gemengesyndikat Syvicol

Déi Diskussioune missten elo zesumme mam Educatiounsministère geféiert ginn. D'Gemenge géife sech deementspriechend adaptéieren.

"Ech denken zum Beispill un de Schoultransport. Dat si jo och Organisatiounen, déi d'Gemenge musse maachen. Mir mussen d'Kanner jo emol fir d'éischt an d'Schoul kréien. Dat sinn alles Detailaarbechten, déi mer da mussen ausschaffen."

Weider Indikatiounen, wéini d'Schoulen nees kéinten opmaachen, huet den Emile Eicher net.

Keng gréisser Ausfäll u Personal

Bei de Gemenge ginn et bis elo keng gréisser personell Ausfäll, well Leit krank wieren, sou den Emile Eicher, deen awer betount, d'Gemenge wiere preparéiert, wann et iergendwou Engpäss gëtt.

"Mee mir sinn eis awer bewosst: Wann dat géif geschéien, da kënne mer probéieren en Ersatz vu baussen ze fannen, oder bei den Noperen. Dat ass eng Kultur bei deene klenge Gemengen - do hëlleft een deem aner."

Et ass recommandéiert fir net an de Recyclingszenter ze fueren

"Bleift doheem!" Dat ass d'Haaptrecommandatioun dëser Deeg. Am Fong kléngt dat och ganz einfach, an trotzdeem si verschidden Detailer dann awer net ganz esou kloer. Zum Beispill, bei de Recyclingszenteren. Déi sinn a verschiddene Gemengen op, an an aneren net. Heescht dat, datt een ouni Bedenke kann dohi fueren?

"D'national Solutioun ass kloer: dir duerft net mat Gras duerch d'Landschaft rennen, an och net mat aneren Déchêten. Dat ass net virgesi bei den Exceptiounen."

D'lescht Woch hat de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter um 100,7 kritiséiert, d'Regierung géif net genuch mat de Gemenge kommunizéieren. Dorop äntwert den Emile Eicher:

"Mir si jo schonn um kommunizéieren. D'lescht Woch hu mer dat gemaach, haut probéiere mer nach eng Kéier - well mer och Tëscheléisunge gesinn: Wann een um Land ass, an et huet ee Grengschnëtt ewechzeféieren, da kritt een dat mengen ech relativ gutt hin, wann een dezentral Containeren dohisetzt an déi och nach bewaacht, an et da grad esou schnell ewech hëlt, wéi et kënnt. Mee ech mengen et muss een awer och verstoen, datt mer iergendwou eng Kéier aus der Kris mussen erauskommen. A wann déi Düs lues erëm opgedréit gëtt, datt mer eis erëm méi dobausse kënne beweegen a schaffen - dann ass dat do eng vun den éischten Diskussiounen, déi elo wäert kommen."

Bis dohi recommandéiert den Emile Eicher fir net an de Recyclingszenter ze fueren, ausser et hätt een et offiziell geneemegt kritt.