Radioen

On air

De Moien  |  Isobel Campbell - 4316

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengenpolitik: E gudde Start fir an d'Nationalpolitik

Gemengewahlen

Gemengenpolitik: E gudde Start fir an d'Nationalpolitik

D'Gemengepolitik hëlleft, fir e Fouss an d'national Politik ze kréien. Dat soten d'Presidentin vun der CSJ, d'Elisabeth Margue an den Fabio Spirinelli, Generalsekretär vun de Jonke Sozialisten. Et misst een d'Gemengewahlen awer mat aneren Ae kucken, wéi d'Chamberwahlen.

auto_stories

2 min

"Den Interessi fir d'Politik ass do bei de Jonken, mä e kéint méi grouss sinn", seet d'Elisabeth Margue, Presidentin vun der CSJ.

Hir Partei, d'CSV, hätt en oppent Ouer fir d'Jugend. D'Elisabeth Margue gesäit de Beweis dofir doran, datt d'Partei iwwer 100 Kandidate vun der CSJ mat op d'Lëschte fir d'Gemengewahle geholl huet. Dat wier eng kloer Ausso, sou déi 27 Joer al Affekotin, déi op der Lëscht vun der CSV an der Stad kandidéiert.

Fir d'CSV géif et bei dëse Wahlen an der Stad dorëms goen, den Trend ze briechen an e puer Sëtz derbäi ze kréien, sou d'Elisabeth Margue.

Hirer Meenung no ass et e Virdeel, wann ee Gemengepolitik gemaach huet, fir e Fouss an der nationaler Politik ze faassen. Déi jonk CSV-Politikerin ass duerchaus interesséiert, fir d'nächst Joer mat op der Lëscht vun der CSV bei de nationale Wahlen ze sinn.

"Gemengepolitik ass méi no bei der Bierger"

Gemengepolitik wier ee gudde Start, well een hei no bäi de Bierger ass, seet och de Fabio Spirinelli, Generalsekretär vun de Jonke Sozialisten a Kandidat zu Déifferdeng. Et géif sécher hëllefen, wann een an enger grousser Gemeng op der Lëscht ass.

De Fabio Spirinelli ass awer der Meenung, datt ee Gemengepolitik vun nationaler Politik muss trennen.

D'Nationalwahlen, d'Zefriddenheet mat der aktueller Regierung, hu sécher een Afloss op d'Gemengewahlen, mä de lokale Facteur ass net z'ënnerschätzen, sou och d'Elisabeth Margue. Hirer Meenung no hunn d'Leit awer eng aner Vue op d'Gemengewahlen.

D'LSAP envisagéiert, zu Déifferdeng de Buergermeeschter ze stellen. Eventuell Mësserfolleger misst een awer och sportlech huelen, seet de Fabio Spirinelli, deen elo fir d'éischte Kéier op enger Lëscht ass. Fir de Generalsektretär vun de Jonke Sozialisten ass et virun allem wichteg, als Equipe gutt unzekommen.