Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - Stay With Me Through The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewahlen an der Belsch

Chronik

Gemengewahlen an der Belsch

Kloer Gewënner bei de Gemengewahlen an der Belsch waren déi lénks Parteien, mee a Flanderen och déi rietsextrem. Wann d'Tendenze sech bestätegen, da kann et gutt sinn, datt bei den nächste Wahlen 2019 déi zwou grouss Regiounen an der Belsch politesch esou wäit auserneen driften, datt d'Land onregéierbar gëtt, mengt de Georges Kohnen.

auto_stories

2 min

Eng vun den éischte Konklusioune vun de Wahlresultater war op en neits déi politesch Dichotomie, an där sech eist Nopeschland befënnt. Eng däitlech Tendenz no riets a Flanderen, wou esouguer de Vlaams Belang erëm Stëmme dobäi krut. Nämlech bis zu 40 Prozent an der Stad Ninove. An domat gouf ugeholl, datt dem Bart de Wever seng NVA (Nieuw-Vlaamse Alliantie) d'Wieler vun der rietsextremer Partei majoritär absorbéiert hat. Eng Rei rietsextrem Kandidate waren esouguer kuerz virun de Wahlen wéinst hiren Tendenzen aus der NVA ausgeschloss ginn.

Wallonie - eng Ausnahm a ganz Europa

An der Wallonie, wou d'Gefill vun enger eegener Identitéit net esou staark ass, gëtt et dogéint keng rietsextrem politesch Tendenzen. Domat ass d'Regioun quasi eng Ausnam a ganz Europa. Mee och wann traditionell lénks gewielt gëtt, huet de PS (Parti Socialiste) awer Stëmme verluer. Dat zugonschte vum marxistesche PTB, dem Parti du Travail de Belgique. Mee och zugonschte vun Ecolo. Verluer huet och de liberale Mouvement réformateur, d'Partei vum Premierminister Charles Michel, deen domat wuel d'Rechnung fir seng Präsenz als Vertrieder vun der eenzeg frankophoner Partei an der federaler Regierung bezilt.

Koalitioun tëscht Sozialisten a Kommunisten?

An e puer Stied wéi Léck, Charleroi oder Molenbeek huet de PS dem PTB Koalitiounsgespréicher virgeschloen, trotz enger absoluter Majoritéit. Eng Première, well déi kommunistesch Partei de Sozialisten laang hire Manktem un echtem Sozialismus virgehäit huet. Mee villäicht wëllt de PS jo just de PTB forcéieren, seng Responsabilitéiten ze huelen. A Flanderen gëtt dëse potentielle Rapprochement tëschent dem PS an der lénksextremer Partei deelweis als inacceptabel ugesinn. Well hei existéiert jo de sougenannte "Cordon sanitaire", en gentlemen's agreement tëschent den demokratesche Parteien, déi sech net mat den Extremisten alliéieren.

Dës Mesure ass scho knapps 30 Joer al a war agefouert ginn, fir déi rietsextrem Parteien, deemools virun allem de Vlaams Blok, vun der Muecht auszeschléissen. De PTB mat de flämesche Neofaschisten an de selwechte Kuerf ze geheien, dat fannen déi Responsabel vun der kommunistescher Partei awer skandaléis. Hire Fonctionnement wier demokratesch an hire Programm net op Divisiounen opgebaut, esou d'Argument.

A wann de PTB géif bei der enger oder anerer Koalitioun mat maachen, wéilt d'Partei och e substantiellen Deel vun hirem Programm duerchsetzen. An dat mécht déi aktuell Verhandlungen net méi einfach. Um politesche Plang kann een d'Gemengewahlen vun der leschter Woch als leschte groussen Test virun de Regional- a Legislativwahlen am Mee 2019 ugesinn. A wann d'Tendenze sech bestätegen, da kann et gutt sinn, datt déi zwou grouss Regiounen an der Belsch politesch esou wäit auserneendriften, datt d'Land onregéierbar gëtt.