Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Signaler vu Moskau

Ukrain-Kris

Gemëschte Signaler vu Moskau

Russland huet annoncéiert datt en Deel vu sengen Truppe vun der ukrainescher Grenz ofgezu ginn. Trotz där Ukënnegung ginn d'Militärübunge weider an d'Warnunge vum Westen, datt eng Invasioun kéint all Ablack geschéien, halen och net op.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Haut sollen d'Leit an der Ukrain houfreg de blo-giele Fändel weisen, dat ass di'Iddi vum President Wolodymyr Selenskyj. D'Nationalhymne soll och gesonge ginn.

Ee Land ënner Drock

D'Ukrain steet ënner Drock: d'Land ass ëmkreest vun iwwer 100.000 russeschen Truppen, nach déi lescht Nuecht goufen et Cyberattacken op staatlech Banken a géint Websäite vun der Regierung. An eng Bevëlkerung, déi net weess, wéini eng Invasioun kéint kommen, an ob si géint d'russesch Arméi kämpfe muss.

Verschiddener hu Kiew verlooss: d'Diplomate vun deene meeschte westleche Länner sinn zeréck an hir respektiv Länner geruff ginn. Vill auslännesch Regierungen, dorënner Lëtzebuerg, hunn hir Matbierger opgeruff d'Ukrain ze verloossen.

Do soll Solidaritéit gewise ginn, mengt de President Selenskyj. Russland géif probéieren d'Ukrain ze destabiliséieren, heescht et zu Kiew.

D'Diplomatie huet nach eng Chance

D'Leit an der Ukrain konnte rezent bëssen opootmen: westlech Regierungen hoffen, datt de russesche President Wladimir Putin der Diplomatie eng weider Chance wëllt ginn. De Réckzuch vun engem ganz klengen Deel vu russeschen Truppe wier ganz normal, esou wier dat ëmmer no Militärmanöver, esou Moskau.

De Wladimir Putin wier weiderhin interesséiert seng Suergen ëm déi russesch Sécherheet ze diskutéieren.

Mee et ass gewosst, datt déi gréisst Demande vu Moskau weider wäert rejetéiert ginn. Russland wëllt e Verspriechen, datt d'Ukrain an aner ex-sowjetesch Länner net an d'NATO opgeholl ginn. D'NATO seet datt d'Dier fir Kiew opbleift.