Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gender"-Sträit an der EU

EGALITÉIT VUN DE GENREN

"Gender"-Sträit an der EU

D'EU-Memberlänner si sech net ëmmer eens, wann et ëm Strategië fir méi Egalitéit geet. Ungarn a Pole stéiere sech um Term "Gender" a stellen d'LGBTIQ-Strategie vun der EU-Kommissioun a Fro. Och am Europaparlament gëtt et esou Stëmmen.

auto_stories

4 min

Emotionale Moment gëschter an der Plenière zu Bréissel, wou um Internationalen Dag géint d'Gewalt géint Fraen een Debat iwwer d'Istanbuler Konventioun um Ordre du jour stoung, déi genee dat zum Zil huet.

Eng laang Lëscht vun Nimm

Ganzer dräi Minutten a 15 Sekonne liest déi franséisch Europadeputéiert Manon Aubry vun der Gauche d'Nimm vun de 86 Frae vir, déi zanter ufanks des Joers eleng a Frankräich Affer vun engem sougenannte Féminicide goufen.

Foto: EU / Alexis Haulot

D'Europadeputéiert huet domat hir Riedenzäit largement depasséiert, gouf awer ausnamsweis net ënnerbrach. Et géif een, esou d'Presidentin Roberta Metsola, de Seriö vun där Situatioun unerkennen.

Um selwechten Dag huet d'Europäesch Kommissioun een Aktiounsplang virgestallt, dee fir méi Chancëgläichheet bei den externen Aktioune suerge soll. An Zukunft solle 85 Prozent vun de proposéierten Aktiounen d'Egalitéit vun de Genrë mat als Zil hunn. Dat ass awer net onëmstridden.

E Méindeg si verschiddene Medien no d'Kooperatiounsministeren aus den EU-Länner an enger Diskussioun doriwwer uneneegeroden. Verschiddener hu sech um Term "gender equality", also Egalitéit vun de Genren, gestéiert.

Zeréck bei "Mann a Fra" aplaz "Gender"

Amplaz dovu sollt ee wéi fréier vun Egalitéit tëschent Fraen a Männer schwätzen. Dorop hu Polen an Ungarn gepocht an et war net fir d'éischt, datt si dat gemaach hunn.

D'Bezeechnung "Gender", déi ënner anerem Leit mat aschléisst, déi eventuell biologesch een anere Sex hu wéi deen, dee si als hir Identitéit uginn, gëtt vun hinne refuséiert.

EU-Kommissioun: "Gender" ass international unerkannt

Ënner anerem och dowéinst ass d'Istanbul-Konventioun ëmstridden. Si géif déi "destruktiv Ideologie vum Gender" promovéieren, hat dat ungarescht Parlament am Mee festgestallt.

Nieft Ungarn hu mat Bulgarien, der Tschechescher Republik, Lettland, Litauen an der Slowakei ëmmerhi sechs EU-Länner déi Konventioun vun 2011 nach net ratifizéiert. Polen hat fir säin Deel am Juli annoncéiert, carrement aus der Konventioun erauszeklammen.

Se gouf am Debat am Parlament gëschtER och vun Europadeputéiert aus anere Länner schaarf attackéiert. D'Margarita de la Pisa Carrion vun der spuenescher Rietspartei Vox beschreift d'Konventioun als "trojanescht Päerd" vun enger "Gender-Perspektiv".

Den Term "Gender" bleift an der EU awer am Gebrauch. Dat hu gëschter zwee EU-Kommissäre betount.

"D'EU-Kommissären hunn deen Term eestëmmeg ugeholl. En ass och an Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff offiziell unerkannt", sot den EU-Chefdiplomat Josep Borrel

D'EU Kommissärin fir international Partenariater, Jutta Urpilainen betount hirersäits, datt déi allermeescht EU-Länner dat och net a Fro stellen.

Am Debat am Parlament hat d'EU-Kommissärin fir d'Egalitéit, d'Helena Dalli, ënnerstrach, datt d'Istanbul-Konventioun de Standard an der EU-Politik an deem Domän beschreift. Den Ament gëtt virum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift, ob d'Ënnerschrëft vun der EU als Ganzt vun der Konventioun kompatibel mat den EU-Traitéen ass.

Mat engem Urteel wier an der zweeter Hallschent vun 2021 ze erwaarden, esou d'Helena Dalli. Sollt de Bäitrëtt vun der EU awer blockéiert bleiwen, géif d'Kommissioun d'nächst Joer ee legalen Text proposéieren, deen déi nämmlecht Objektiver hätt.

LGBTIQ: Legal Prozedur géint Pole gefuerdert

Wéi ze erwaarde gouf et och ënnerschiddlech Positioune gëschter am Parlament am Debat iwwer d'LGBTIQ-Strategie vun der EU-Kommissioun. Se soll fir eng Gläichstellung vun LGBTIQ-Persounen, also lesbesch, schwul, bi-sexuell, transgender, intersex a queer Persounen, suergen.

"Komm mir deklaréieren d'EU zur gréisster Wëllkomm-Zon fir LGBTIQ -Persounen op der Welt", sot do zwar déi hollännesch Liberal Sophie in't Veld.

Et gouf awer och Géigestëmme vum rietse Bord. "Eng Famill besteet natierlecherweis aus enger Mamm an engem Papp, alles anescht ass inhuman a Kanner sollten net Affer vu Gender-Ideologie ginn", huet d'Italieenerin Simona Baldasarre vun der Lega kloergestallt.

200 Deputéiert aus dem Europaparlament an nationale Parlamenter hunn ee Bréif un d'Europäesch Kommissioun geschriwwen, datt si soll eng legal Prozedur géint Pole lancéieren, well do verschidde Communautéiten sech selwer als "LGBTI-fräi Zonen" deklaréiert hunn.

Zu de Signatairë gehéieren déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz vun de Gréngen an de Sozialist Marc Angel. Virun zwou Wochen hat allerdéngs déi zoustänneg EU-Kommissärin Vera Jourova erkläert, et géif keng juristesch Basis gi fir de Lancement vun esou enger Prozedur.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.