Wann eng Resolutioun iwwer eng méi laang Zäit net méiglech wier, kéint een awer net endlos nokucke wa Gëftgas ugewannt géif ginn, seet de Jean Asselborn. Hien hofft elo datt d'Friddensgespréicher zu Genf erëm relancéiert kënne ginn.
Wat den Asaz vu Gëftgas zu Duma ugeet, géife sech aktuell zwou Versioune géintiwwerstoen, seet de Jean Asselborn. Frankräich, Groussbritannien an d'USA maachen de syresche President Bashar Al-Assad fir d'Gëftgasattack verantwortlech. Russland behaapt, britesch Geheimdéngschter hätte Rebellen zu der Gasattack ugestiwwelt. De Jean Asselborn fënnt déi russesch Versioun "e bësse komesch", Gas géif normalerweis aus der Loft agesat ginn. Déi verschidde Rebellegruppen a Syrien hätten awer weder Fligeren, nach Helikopteren - anescht wéi déi syresch Arméi. Fir de Jean Asselborn steet dofir fest, datt just de Bashar Al-Assad fir d'Gasattack op Duma verantwortlech kéint sinn.
De Jean Asselborn bedauert, datt d'Attack vu Frankräich, Groussbritannien an den USA geschitt ass, virun deem d'Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen hir Enquête konnt ufänken, déi fir de Samschdeg, 14. Abrëll virgesi war.
De Militärkonflikt a Syrien wär duerch dës Aktioun awer net gestoppt, seet de Jean Asselborn. Et misst een elo nees séier iwwer den diplomatesche Wee no Léisunge sichen. Dat géif fir Europa, d'USA a fir Russland gëllen.
De Krich a Syrien dauert elo scho ronn siwe Joer. 350.000 Mënsche si bis ewell am Konflikt ëm d'Liewe komm, ronn zwielef Millioune Syrer sinn op der Flucht.
Den Interview mam Ausseminister Jean Asselborn vum 14. Abrëll 2018: