Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tame And The Wild - The Villain Kills The Hero In This One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Jacobs verdeedegt Klappjuegd

Juegd

Georges Jacobs verdeedegt Klappjuegd

E Verbuet vun der Klappjuegd wier net realistesch. Domadder reagéiert d'Jeeërfederatioun op eng ëffentlech Petitioun géint d'Klappjuegd. Déi hat banne kuerzer Zäit déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte krut, fir datt eng ëffentlech Debatt an der Chamber ka gehale ginn.

auto_stories

1 min

De President vun der Jeeërfederatioun géif d'Emotioune vun de Leit zwar verstoen, mee dat géif net der Realitéit um Terrain entspriechen. "Mir üben d'Juegt aus am Optrag vum Ministère. An déi zwéngen eis eng ganz grouss Zuel vun Deieren ëmzeleeën. An ouni Beweegungsjuegd wier et onméiglech, déi Zuelen ze erleeën, déi mir erleeë mussen."

Dem Georges Jacobs no géif d'Responsabilitéit virop beim Nohaltegkeetsministère leien. D'Klappjuegd géif och net am Géigesaz zum Déiereschutz stoen, esou de Georges Jacobs. D'Déiere géifen op déi Manéier manner leiden, wéi wann de Jeeër dat ganzt Joer laang um Hochsitz géif op se laueren. Bei enger Beweegungsjuegd géifen d'Déieren a kuerzer Zäit hefteg opgescheucht ginn, sou wéi dat an der Natur zanter Millioune vu Jore geschitt.