Radioen

On air

Notturno  |  Kiefer - Falling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gepléischters a Gedokters"

Gemengewahlen

"Gepléischters a Gedokters"

Zu Jonglënster ginn et net genuch Schoul- a Betreiungsstrukture fir Kanner a Jonker, kritiséiert de gréngen Oppositiouns-Conseiller Christian Kmiotek. Den CSV-Buergermeeschter Romain Reitz verweist op d'Efforten, déi scho gemaach goufen. Béid Politiker schléissen awer eng schwaarz-gréng Koalitioun net aus.

auto_stories

2 min

Am Mëttelpunkt vun der Polemik steet dat aalt Paschtoueschhaus, dat d'Gemeng wëll als Betreiungsstruktur ëmbauen, mä wou d'Proprietéitsverhältnisser nach net gekläert sinn. D'Gemeng wëll d'Gebai fir annerhallef Milliounen Euro kafen, esou de CSV-Buergermeeschter Romain Reitz.

Dem gréngen Oppositiounspolitiker Christian Kmiotek no géif d'Gebai souwéisou schonn der Gemeng gehéieren. Elo géif een op zwee juristesch Avise waarden, fir kënnen unzefänke mat bauen, esou de Romain Reitz.

Sträit ëm Betreiungsstruktur

D'Iddi fir d'Paschtoueschhaus ëmzebauen kéim allerdéngs ze spéit a géif bei Wäitem och net duergoen, esou de Christian Kmiotek. Den Ament proposéiert d'Gemeng Nout-Containeren, fir dem Besoin gerecht ze ginn.

D'Kanner an déi Jugendlech mat Containeren "ofzespeisen", wier keng gutt Léisung: "Mir hunn zu Jonglënster e grousse Besoin fir d'Kannerstrukturen auszebauen, an do muss ech der CSV-LSAP Koalitioun e grousse Virworf maachen, dat war bis ewell just Gepléischters a Gedokters". Dem grénge Politiker feelt et un engem Gesamtkonzept.

Den CSV-Buergermeeschter Romain Reitz léist dëse Virworf net gëllen. D'Gemeng hätt an de leschte Joren nei Strukture gebaut a géif elo op weider Terraine waarden. "Just zu Lënster besteet nach e Problem, do si mir am gaangen, Terrainen am Zentrum vu Lënster ze verhandelen."

Keng Wunnenge fir déi Jonk

Wat de Wunnengsbau ugeet, do géif an der Gemeng Jonglënster zënter sechs Joer "Immobilismus" gemaach ginn, esou e weidere Virworf vum gréngen Oppositiounspolitiker. D'Immobiliepräisser wieren ze héich an déi Jonk kéinte sech keng Wunnenge méi leeschten. "D'Gemenge mussen aktiv ginn".

Datt et net genuch bezuelbare Wunnraum fir déi Jonk gëtt, confirméiert den CSV Buergermeeschter Romain Reitz, mä d'Gemeng géif den Ament och Terraine verhandelen. "D'Gemeng muss Terraine kafen, mä Terrainen am Zentrum vun enger Gemeng sinn och net bëlleg". Deemno kéint et sinn, datt een zu engem Moment an "d'Gréngzonë misst knabbere goen".