Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Parker - Executive Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gesamt Regierung geschwächt fir 2016"

Journalisteronn

"Gesamt Regierung geschwächt fir 2016"

Déi gesamt Regierung geet geschwächt aus dem Joer 2015 eraus. Um Kräfteverhältnis bannent der Koalitioun hätt de Récktrëtt vun der Kultur- a Logementsministerin Maggy Nagel net vill geännert. Esou de Fazit vun de Journalisten, déi mat Steierkaddoe fir jiddereen rechnen. Ob et e Referendum iwwert d'Verfassungsreform wäert ginn - wär net sécher.

Mick Entringer

auto_stories

3 min

D'Journaliste Jacques Drescher, Jean-Lou Siweck, Annette Duschinger, Romain Hilgert

D'Maggy Nagel hat wéineg Chancë vun Ufank un

D’Regierungsëmbildung hätt net iwwerrascht, d’Manéier awer wéi se zu stan koum, wéi se kommunikéiert gouf, a wien schlussendlech zréckbehal gouf fir d’Successioun vun der Maggy Nagel. Iwwerrascht sinn d’Journalisten och iwwert d’Hypocrisie déi der zeréckgetruedener Ministerin entgéint bruecht géing ginn. « D'Maggy Nagel huet sech net verännert, d’Regierung awer», seet de Chefredakter vum « Lëtzebuerger Land ». Am Ufank hätt dem Romain Hilgert no déi fréier DP-Buergermeeschtesch gefall mat hirer Manéier fir op ze raumen, a Schierbelen ze maachen. Si wär awer net capabel gewiescht eppes Neies op ze bauen.

D’Maggy Nagel war um Gemengenniveau eng Politikerin mat vill Erfahrung, an am Logement war si gutt placéiert an huet eng wäertvoll Aarbecht gemaach, mengt d’Annette Duschinger vum « Lëtzebuerger Journal »

Den Drock koum manner vu bausse wéi vu bannen, esou d’Analyse vum Jacques Drescher vum « de Feierkrop » iwwer de Récktrëtt vun der DP-Ministerin. Den aktuelle Buergermeeschter vu Mondorf Lex Delles wär net domm genuch fir an eng Regierung ze goen, well en sech géing soen, datt hie méi Chancen hätt bei de nächste Wale wann hie Buergermeeschter bleift.

Technokraten am Kostüm-Krawatte fir d’Kultur an de Logement

De Marc Hansen wäert et dem Romain Hilgert no, net vill anescht maachen am Logement wéi d’Maggy Nagel. « An engem Land dat esou grouss ass wéi e Buedduch ass et onméiglech eng Politik ze maan, fir d’Präisser ënnert Kontroll ze halen an engem gewollt fräie Wunnengsmaart". Dem Chefredakter vum "Lëtzebuerger Land" no géingen ze vill Suen an d’Täsche vun de Kënschtler fléissen. « D’Konschtzeen zu Lëtzebuerg ass eng artificiell Zäreblumm ginn. »

"E Kulturministère ass do fir sech ëm Subsiden ze këmmeren an e puer Gesetzer ze redigéieren", mengt de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort. E Geschäftsaffekot kéint dat geréieren. „Ech erwaarde mir vum Staatssekretär Guy Arendt eng zolitt administrativ Gestioun, a keng gréisser Visioune wéi d’Erna Hennicot an de Robert Krieps se haten". Dem Jean-Lou Siweck no, wärt de Xavier Bettel als Kulturminister op de Kulturmanifestatioune „opgoe wéi Hiefdeeg“.

Schwaach Regierung a Steiergeschenker

Déi gesamt Regierung geet geschwächt aus dem Joer 2015 eraus. Um Kräfteverhältnis bannent der Koalitioun hätt de Récktrëtt vun der Kultur- a Logementsministerin Maggy Nagel net vill geännert, esou de Konsens ënnert de Journalisten.

Fir sech ze stäerke wäert déi vun der Regierung annoncéiert Steierreform, Steiergeschenker fir jidderee mat sech bréngen. Grouss strukturell Ännerunge bei de Steiere ginn sech net erwaard. Ob et e Referendum iwwert d'Verfassungsreform wäert ginn - wär net sécher.