Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschicht widderhëlt sech net? Kënne mer eis dees sécher sinn?

Fräie Mikro

Geschicht widderhëlt sech net? Kënne mer eis dees sécher sinn?

Ëmmer erëm gëtt gesot datt d'Geschicht sech widderhëlt, mat Vue op d'Entwécklung an de 1920er a -30er Joren. Dat kann ee sou net soen, mee et stëmmt awer, datt verschidde Phenomener a Reaktiounen duerchaus Parallellen opweisen, mengt de Frank Schroeder a sengem Fräie Mikro. De Frank Schroeder ass Direkter vum Resistenzmusée zu Esch.

auto_stories

4 min

1919 - d'Grenze waren nom Weltkrich nei opgezeechent ginn - bleiwen an Europa just zwee totalitär Staaten. Och wann et fir verschiddener eng nei Erfarung ass: all déi aner probéiere sech op mannst kuerzfristeg an Demokratie. 1929 hunn erëm néng Staaten en autoritäre Regime, 1934 sinn et der 14. 1938 si nach just eelef Länner Demokratien, dorënner Lëtzebuerg. Wuelwëssend, datt och mir nëmme knapp laanscht eng Situatioun koumen, wou souwuel politesch Meenungsäusserung wéi och Pressefräiheet ageschränkt gi wären. D'Populatioun huet am Referendum vu 1937 dat sougenannte Maulkuerfgesetz nëmme mat enger ganz klenger Majoritéit verhënnert.

Al Kamellen, kéint een elo denken. Nee. Trotz fräie Wale sinn och haut an enger Rei Staaten am gaangen, demokratesch Prozesser auszehielegen, Pressefräiheet anzeschränken, politesch Géigner anzeschüchteren a Gewaltentrennung ofzeschafen. De Putin an den Erdogan hunn dee Schrëtt hannert sech, Ungarn a Pole sinn um beschte Wee, an och de President vun de Vereenegte Staate probéiert säi bescht. An et schéngt - an dat ass beängschtegend - datt relativ grouss Deeler vun der Bevëlkerung déi Entwécklung acceptéieren an eng Ofschwächung vun eisen demokratesche Wäerter a Kaf huelen - och bei eis.

An de 1920er an -30er Jore wiisst an Europa d'Friemefeindlechkeet, besonnesch géint déi sougenannten Ostjuden - Flüchtlingen aus Länner wou et zu Iwwergrëffer a Pogromer koum. Och do: De Pendant dozou hu mer haut, an d'Rhetorik, d'Kommentaren, jo souguer d'Biller déi deemools op Flyeren, an haut an de soziale Medie verbreet ginn, sinn sech extrem änlech.

Eng moralesch Schan

Et stellt sech eng wieder Fro: Wat wäerten Historiker an 80 Joer soen a schreiwen iwwer d'Manéier, wéi Europa am Joer 2020 Flüchtlinge behandelt huet? 1936 huet d'Lëtzebuerger Regierung ronn 50 Prozent vun de 651 jiddesche Flüchtlingen, déi aus Däitschland op Lëtzebuerg wollte kommen, opgeholl. Haut kritt déi deemoleg Regierung virgeworf, 1936 d'Halschecht zeréckgewisen, an an deene Joren duerno d'Grenze wieder zougemaach ze hunn.

Haut si mer wäit ewech dovun: Um Beispill vu Moria, deem Lager, dat fir 3.000 Flüchtlinge Plaz hat, an dem awer 13.000 Leit agespaart waren. No dem Brand virun dräi Wochen hunn déi 28 EU-Länner mat hire 450 Milliounen Awunner sech an enger éischter Phas drop gëeenegt, 400 Kanner -10 Prozent vun de Mannerjäregen aus dem Lager - opzehuelen. Ech schumme mech fir et ze soen: Dat wier ee Kand op eng Millioun Awunner.

Eis Elteren a Grousseltere waren och op der Flucht

Och wann der ënner dem Stréch e puer Dausend a Westeuropa opgeholl wäerte ginn, sou bleift dat trotzdeem eng moralesch Schan. Wéi wäert d'Geschichtsschreiwung iwwer eis Politiker an iwwer eis Gesellschaft urteelen? Wat ass mat eisem Humanismus, op dee mer sou houfreg sinn, a mat de Mënscherechter? Dobäi hëlt Lëtzebuerg verhältnisméisseg vill Flüchtlingen op, an den Asaz vun eisen Ausseminister Jean Asselborn hieft sech positiv ervir. Mee mir sinn awer och wéi kaum en anert europäescht Land duerch d'Dublin-Verträg "geschützt".

Op der Konferenz vun Evian hunn 1938 Vertrieder vun 32 Länner a 24 Organisatioune keng Léisunge fonnt, par Rapport zu de steigende Flüchtlingszuele vu Judden aus Däitschland an Éisträich. D'Konsequenze vun deenen Decisioune kenne mer. Wann europäesch Politiker haut soen, hiert Land wier just bereet, Leit an Nout opzehuelen, wann eng gesamteuropäesch Léisung fonnt géif ginn, da wësse mer, datt dat ni wäert geschéien. D'Positioune vu 2020 sinn déi selwecht wéi déi vu 1938. An dat ass méi wéi bedenklech.

Mäi leschte Saz kënnt wéi e Leitmotiv erëm: Vergiesst net, datt eis Elteren oder Grousseltere virun 80 Joer och op der Flucht waren. An hoffe mer, datt mir oder eis Kanner ni an déi Situatioun kommen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.