Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Geschichten, déi eis d'Sprooch verschloen"

Humanitär Hëllef

"Geschichten, déi eis d'Sprooch verschloen"

Déi grouss Konflikter a Flüchtlingskrise geschéien net nëmmen a Syrien an an de Nopeschlänner, seet den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. CARE wier zum Beispill och am Afghanistan an a Nigeria aktiv. D'Situatioun ass dem Frédéric Haupert no keng einfach.

auto_stories

3 min

Kanner ginn an "Espaces amis enfants" psychologesch betreit. Foto: Wilke / CARE

"D'Situatioun am Nigeria gëtt wéineg thematiséiert" esou den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. Dobäi wiere besonnesch Kanner a Frae betraff. Schonn zënter Jore wier en terroristesche Grupp am Norde vun Nigeria aktiv. Ëmmer méi Leit wiere gezwongen, d'Land ze verloossen.

Zwar géing CARE net direkt am Nigeria hëllefen, dofir awer an den Nopeschlänner, zemools am Niger an am Tschad. "Et geet dorëms, déi Leit opzehuelen, déi staark traumatiséiert sinn. A ville Fäll goufen a ganzen Dierfer d'Männer ëmbruecht. D'Kanner a Frae probéieren z'entkomme fir net versklaavt ze ginn."

Besonnech Kanner brauchen eng intensiv psychologesch Betreiung

Déi Leit, a besonnesch déi Kanner, deenen dat geléngt, bräichten nieft materieller Ënnerstëtzung eng intensiv psychologesch Betreiung. Nieft Hëllef an de Refugiésstrukture géif CARE dofir sougenannten "Espaces amis enfants", zum Beispill an den Dierfer vum Niger oder Tschad, ariichten. "Dohi kënnen d'Kanner spille goen, si gi vu Psychologe betreit a kréien eng laangfristeg Hëllef."

"Et ass fir eis net méiglech, si eleng ze loossen"

Och fir den Afghanistan wier 2016 e schwéiert Joer, esou de Frédéric Haupert. De 6. September gouf et zu Kabul eng Attack op CARE International.

Zënter dem Ufank vum Joer sinn dem Frédéric Haupert no méi wéi 5.000 Zivilisten Affer vun Attentater ginn. Den Direkter vu CARE Lëtzebuerg weist sech awer optimistesch, datt d'Hëllefsorganisatioun weider am Afghanistan bleiwe kéint.

8 Millioune Mënsche bréichten dréngend humanitär Hëllef. Déi kéint een net eleng loossen.

Reform vun der Entwécklungshëllef

Aus hirem Joresrapport geet ervir, datt CARE Lëtzebuerg a 26 Projeten an 10 Länner ronn 300.000 Mënschen hëllefe konnt.

Huet d'Reform vun der Entwécklungshëllef en Impakt op d'Aarbecht vun der ONG? Et géif manner bei den administrative Fraise rembourséiert, seet dozou de Frédéric Haupert. "Mir schaffen awer efficace a mussen eis net esou aschränken."

D'Reform hätt en Impakt op all d'Hëllefsorganisatiounen zu Lëtzebuerg. Den Direkter vu CARE begréisst awer déi intensivéiert Kontrollen an Evaluatiounen, déi virgesi sinn. Hien erwaart sech eng professionell Zesummenaarbecht mam Ministère. "Mir si frou, datt dat dozou féiert, datt de Ministère eis méi Suen zur Verfügung stellt, fir méi Hëllef ze leeschten."

Frédéric Haupert vu CAREplay_arrow