Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesellschaft nach net prett fir op physesch Suen ze verzichten

EZB

Gesellschaft nach net prett fir op physesch Suen ze verzichten

Den Yves Mersch geet dovun aus, datt Schäiner a Mënzen net sou séier als Bezuelmëttel wäerte verschwannen, wéi eenzel Acteure sech dat wënschen. Dat seet de Member vum Directoire vun der Europäescher Zentralbank.

auto_stories

3 min

D'Statistike géife weisen, datt d'Leit nach net prett wieren, dorop ze verzichten. Och gleeft den Yves Mersch net, datt déi sougenannte Krypto- oder Digitalwärungen eng imminent Gefor fir den Euro ginn. Den Euro hätt nämlech de grousse Virdeel, datt hannert him eng Zentralbank mat engem ëffentleche Mandat géif stoen. Dat ass bei digitale Wärungen net de Fall.

D'Leit hätte par conter e groussen Interessi doru méi séier kënnen ze bezuelen. Dat wier eppes, wou d'Banke "leider e bëssen hannendra gerode sinn an net séier genuch reagéiert hunn", sou den Yves Mersch.

D'EZB hätt virun zwee Joer schonn e System entwéckelt, deen et erlaabt a manner wéi zéng Sekonnen eng Iwwerweisung vun engem Land an en anert ze maachen, fir 0,2 Cent pro Iwwerweisung. Et hätt een awer festgestallt, datt bis elo net vill Banken dëse Service géifen ubidden. Anerer géife pro Transaktioun fënnef bis aacht Euro Fraise froen. D'Zentralbank géif sech dowéinst d'Fro stellen, ob se net selwer soll aktiv ginn, andeems se Konte fir Privatcliente géif ubidden. Iwwer esou Iwwerleeunge wieren déi kommerziell Banken awer natierlech net esou frou, sou den Zentralbanker.

Suergen ëm Profitabilitéit vu verschiddene Banken

Den Yves Mersch deet sech schwéier d'Kloe vun de Banken nozevollzéien, si géife wéinst den niddregen Zënsen op de Kapitalmäert net méi genuch Sue verdénge kënnen.

Verschidde Banken hätten och mat nidderegen Zënse gutt verdéngt. De Bestand vu Wäertpabeiere mat héijen Zënsen hätten "nach laang nogewierkt", an d'Banken hätte mam Verkaf vun esou Pabeieren och "e schéine Benefice" gemaach.

D'Zentralbank hätt eng ganz Rei Banken am A, déi hir Käschtestruktur net am Grëff hätten, seet den Yves Mersch. Als Superviseur géif ee sech natierlech och Gedanken iwwer d'Profitabilitéit vun de Banke maachen, well Banken, déi net profitabel schaffen dozou tendéiere géifen, fir ëmmer méi grouss Risiken ze huelen. Doduerch géif d'Gefor vun enger neier Kris an d'Luucht goen, wat et ze verhënnere géif gëllen, sou den Yves Mersch.

Strategic review: Sech a Fro stellen, fir datt d'Instrumenter weider effikass bleiwen

D'lescht Woch huet d'Europäesch Zentralbank an hirem Conseil des Gouverneurs och eng sougenannt "strategic review" vun hire geldpoliteschen Instrumenter virgeholl.

Datt d'EZB hir geldpolitesch Instrumenter an hirem Conseil géif a Fro stellen, wier awer net esou ze verstoen, wéi wann déi Instrumenter net méi géife wierken. Et wier néideg a wichteg, se ze perfektionéieren an un déi nei Besoine vun eiser Zäit unzepassen, sou den Yves Mersch. Et misst ee sech zum Beispill froen, wéi d'Roll vun der EZB an hiert Ëmfeld sech generell zanter 2003 entwéckelt hätten. Och am Beräich vun der Inflatiounsberechnung misst ee sech a Fro stellen, fir datt d'Instrumenter och an Zukunft effikass géife bleiwen. D'Präisstabilitéit, dat primäert Zil vun der EZB, géif awer net a Fro gestallt, sou den Yves Mersch.