Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gesetz wäert an den nächste Jore gräifen"

Psychotherapie

"Gesetz wäert an den nächste Jore gräifen"

De President vun der Lëtzebuerger Psychologie-Gesellschaft, Fränz D’Onghia, hofft, datt wann d’Autorisatioune bis regelméisseg erausginn an d’Fro vun de Remboursementer duerch d’Sozialversécherung gekläert ass, d’Offer u professionelle Psychotherapeute méi grouss wäert ginn. Op eng Rei Froe géing et awer nach keng Äntwerte ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Et ass nach ze fréi fir ze soen, ob d’Gesetz iwwert de Beruff vum Psychotherapeut seng Ziler erreecht huet. Zanter d’Gesetz viru méi wéi engem Joer a Kraaft getrueden ass, hätte just eng 60 Psychotherapeuten eng Autorisatioun kritt.

De President vun der Lëtzebuerger Psychologie-Gesellschaft, Fränz D’Onghia, hofft awer, datt wann d’Autorisatioune bis regelméisseg erausginn an d’Fro vun de Remboursementer duerch d’Sozialversécherung gekläert ass, d’Offer u professionelle Psychotherapeute méi grouss wäert ginn.

Restriktiv Ufuerderungen

De President vun der Lëtzebuerger Psychologie-Gesellschaft bleift bei senger Kritik, datt d’Formatiouns-Ufuerderungen ze restriktiv sinn. Fir de Fränz D’Onghia wier net “glécklech”, datt een nemmen op der UNI kéint d’Weiderbildung an der Psychotherapie maachen.

Et wier wichteg, eng besser Kommunikatioun ze maachen, sou de President vun der Lëtzebuerger Psychologe-Gesellschaft. Et wier net ganz kloer, wat d’Kritäre wieren, fir als Psychotherapeut unerkannt ze ginn.

Wat géing feelen, wier d’Informatiounen, wou een d’Ausbildunge kéint maache fir Psychotherapeut ze ginn.

Fränz D'Onghia am Interviewplay_arrow