Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesetzer fir eis ze schützen? Viru wiem?

Sans-Abris

Gesetzer fir eis ze schützen? Viru wiem?

Mat der Aféierung vun dem neie Regëster vun der Populatioun gëtt et en neit Gesetz iwwer d'Domiciliatioun. Do gëtt et engem Sans-Abris - jee no Nationalitéit - onméiglech gemaach fir zu Lëtzebuerg ugemellt ze bleiwen.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass entsat, iwwer d'Gesetz.

Nëmme Persoune mat enger Nationalitéit aus engem EU Land - an domadder natierlech och Lëtzebuerger - déi op mannst fënnef Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn an och fënnef Joer an enger Krankekeess ugemellt waren, kënnen eng Adress zu Lëtzebuerg ufroen, wa si keen Daach méi iwwert dem Kapp hunn. Also och keng Adress méi hunn. All Net-Europäer ewéi och all unerkannte Flüchtling, egal ewéi laang hien zu Lëtzebuerg gelieft huet, kann ni eng Adress, zum Beispill bei engem beim Office Social, als Obdachlos ufroen.

An Kloertext heescht dat: Eis ass et egal wéi laang dës Leit zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Esou bal si keng Adress méi zu Lëtzebuerg virweise kënnen, da wëlle mir si net méi bei eis hunn. Leit ouni Wunnsëtz sinn net erwënscht, besonnesch wann si aus deenen esou genannten Drëttlänner kommen.

Kee Recht op sozial Ënnerstëtzung

Dëst Gesetz huet als Konsequenz, datt déi Betraffen d'Land musse verloossen, wa si kee Wunnsëtz fannen. Wann eng Persoun oder eng Famill duerch e Schicksalsschlag op emol keen Daach méi iwwert dem Kapp huet, ka si net zu Lëtzebuerg ugemellt bleiwen a verléiert all Recht op sozial Hëllef.

Beim unerkannte Flüchtling ass dat nach méi dramatesch. Well wou soll hien dann elo hin? Hie kann sech nëmmen an deem Land ophalen, dat him de Flüchtlingsstatut unerkannt huet. Solle mir hien dann a säin Heemechtsland zeréck schécken?

Wat ass dem Legislateur do duerch de Kapp gaangen? Wollt hie sech déi schwaach Net-EU-Bierger esou vum Pelz halen? As dat eng mënschewierdeg Aart a Weis, Leit ze behandelen, déi vläicht fënnef, zéng, 15, 20 Joer am Land gelieft hunn, awer op emol kee Wunnsëtz méi hunn? Do gouf bewosst eng Zwou-Klasse-Gesellschaft geschaaft. Ouni Bezuch op d'Konsequenzen, déi esou Bestëmmunge mat sech bréngen.

Kee Versteesdemech

Si hätte jo schaffe sollen, eppes verdéngen an sech esou eng Wunneng leschten ... Ouni wëllen an d'Detailer vun de Schwieregkeeten ze goe fir zu Lëtzebuerg eng abordabel Wunneng ze fannen. Ouni wëllen iwwert déi "working poor" ze schwätzen, déi sech trotz Aarbecht keng Wunneng kenne leeschten. Ech hunn ni Leit begéint, déi bewosst keng Wunneng wollten hunn. Leit di Obdachlos gi soen ëmmer erëm, datt si virdrun en normaalt Liewe gefouert hätten. An duerch en Divorce oder en Licenciement, verbonne mat Depressiounen, Obdachlos gi wieren.

Elo sot dir, si hätte sech jo an der Tëschenzäit Lëtzebuerger maache kennen: Si hätte brav Lëtzebuergesch leiere sollen an all d'Konditiounen missen erfëllen. Et ass nun emol esou, datt ech a menge Kontakter mat den Net-Europäer a virun allem mat Flüchtlingen ëmmer erëm Leit begéinen, déi an engem aneren Alphabet schreiwen a liese geleiert hunn oder Analphabete sinn. Do ass et immens schwéier iwwerhaapt eng Sprooch ze leieren.

Och Studenten

Iwwregens: Studenten - déi Net-EU-Bierger oder Flüchtlinge sinn - an déi an Ausland studéiere wëllen a sech keng zweet Wunneng zu Lëtzebuerg finanzéiere kënnen, sinn och ausgeschloss vun der Domiciliatioun zu Lëtzebuerg. Si kréien an deem Fall natierlech och kee CEDIES. An esou Fäll kennen ech.

Ech sinn entsat iwwert esou Gesetzer well si d'Valeuren a Prinzipie vu Mënschlechkeet a Gläichberechtegung an eiser Gesellschaft a Fro stellen. An dobäi maachen ech mir esou vill Méi fir de Flüchtlingen an aneren Agewanderten dës Prinzipien ze vermëttelen.