Radioen

On air

Notturno  |  Louis Cole - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesetzleche Kader soll am Februar virgestallt ginn

Stagë vu Studente

Gesetzleche Kader soll am Februar virgestallt ginn

D'ACEL begréisst d'Initiativ vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit, fir Stagë vu Studente an Entreprisen ze reegelen. De Gesetzprojet, un deem d'ACEL och bedeelegt war, wäert an engem gudde Mount virgestallt ginn. Domat soll e Kader fir déi Stagë geschaaft ginn, "ouni d'Entreprisen ze decouragéieren, fir Stagiären ze huelen", betount den Aarbechtsminister.

auto_stories

2 min

Dee Kader wär besonnesch néideg fir déi sougenannt "stages non-conventionnés", seet den (neien) ACEL-President Pol Lutgen, deen op der Generalversammlung vum 26. Dezember un d'Spëtzt vun der Studentenorganisatioun gewielt ginn ass. Am Géigesaz zu den obligatoresche Stagen, déi de Student vu senger Uni virgeschriwwe kritt, a während deenen hien iwwert d'Uni sozial verséchert bleift, wären déi fräiwëlleg, net-konventionéiert Stagë fir d'Patronen mat engem gewëssen administrativen Opwand verbonnen. Dofir géife si dacks léiwer e Studentenjob, wéi e Stage offréieren. Mä do géif déi edukativ Dimensioun feelen: "Et riskéiert een am Keller ze setzen, fir Classeuren ze sortéieren", seet de Pol Lutgen.

Et misst och verhënnert ginn, datt Studenten als bëlleg oder gratis Aarbechtskraaft "mëssbraucht" ginn. D'ACEL begréisst dat ausdrécklech. Hire President sot, et wär ze vertrieden, datt Stagë vun engem bis zwee Méint net géife bezuelt ginn. Bei méi laange Stagë wär eng kleng Remuneratioun awer nëmme korrekt, "souguer wann et sech dobäi éischter ëm e klengt Täschegeld, wéi em eng richteg Pai géif handelen", sou de Pol Lutgen.

D'ACEL ënnerstëtzt och d'Pläng vum Minister Nicolas Schmit fir eng Plattform ze schafen, fir Patronen, déi no Stagiäre sichen, a Studenten, déi un engem Stage interesséiert sinn, mateneen a Kontakt ze bréngen. Esou een Instrument géif effektiv feelen, seet d'Sproochrouer vun de Lëtzebuerger Studenten.

D'Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois (ACEL) versteet sech als politesch an ideologesch neutralen Daachverband vun haut 46 Studentencercelen. Si gouf 1984 gegrënnt a vertrëtt eegenen Aussoen no d'Interessie "vu méi wéi 10.000 Studenten".