Gesondheets- a Fleegesecteur

Eng 20.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg am Gesondheets- a Fleegesecteur, deen an de leschten 10-20 Joer eng grouss Expansioun kannt huet - bedéngt haaptsächlech duerch d’Aféierung vun der Fleegeversécherung 1999. De Secteur gëtt trotz selwechte Beruffer duerch zwee ënnerschiddlech Kollektivverträg geregelt, wouduercher Spannungen tëscht de Salariéen entstinn, seet d’Carole Steinbach Vize-Zentralsekretärin vum zoustännege Syndikat beim OGBL, déi sech fir en eenzege Kollektivvertrag am Secteur asetzt. Als grouss Erausfuerderunge vir de Secteur gesäit d’OGBL Zentralsekretärin Nora Back e risege Chantier beim Plang hospitalier 2014-2018. Wat d‘Reform vun der Assurance Dépendance ugeet déi d’nächst Joer usteet, ass den OGBL absolut géint all Leeschtungsverschlechterung a warnt vrun Drock op Personal duerch Ofbau oder Drock op hier Gehälter.

Net verpassen

  • 08.12. Klassik Live: L'enfance du Christ

    Berlioz.jpg

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey an der Philharmonie: De radio 100,7 iwwerdréit de Concert haut den Owend live vun 20:00 Auer un.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen