Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield, Vicente Archer & Bill Stewart - TV Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt bei enger Fusioun déi kleng Gemeng vun där grousser "geschléckt"?

Gemengewahlen

Gëtt bei enger Fusioun déi kleng Gemeng vun där grousser "geschléckt"?

Vum éischte Januar u fusionéiert Simmer mat der Gemeng Habscht. Dat bedeit eng speziell Situatioun um politesche Plang. D'Bierger stelle sech hirersäits Froen iwwert hir Identitéit an hir Interessen.

auto_stories

5 min

Simmer, eng kleng Gemeng vu ronn 800 Awunner am Weste vu Lëtzebuerg, wäert den éischte Januar d'nächst Joer mat der gréisserer Gemeng Habscht fusionéieren. Am Referendum de 25. Mee virun dräi Joer huet sech eng Majoritéit vun de Simmer Bierger dofir decidéiert. Mä net jiddereen ass mat dëser Decisioun zefridden.

Eng eege Schoul zu Simmer

D'Astrid Mosel-Kneip hat sech bei dësem Vote enthalen. Net well si géint eng Fusioun ass, mä well si eben och net kann dofir sinn, esou d'Schäffin vun der Gemeng Simmer. Laanscht eng Fusioun wier esou eng kleng Gemeng wéi Simmer einfach net komm. Mä vill Punkte wieren an hiren Ae virum Referendum awer nach net kloer gewiescht. Zum Beispill de SICA, de Waasserpräis, d'Taxen awer och d'Schoul. Zu Simmer géif elo eng eege Schoul gebaut ginn, déi mat enger Maison relais géif kombinéiert ginn, seet d'Astrid Mosel-Kneip.

"Déi nei Gemeng Gemeng Habscht, déi elo kënnt, huet keng gemeinsam Schoul. D'Kanner kënnen net vun ënnen erop zesummen opwuessen. Dat wier a mengen Aen immens wichteg gewiescht. "

Zwou separat Schoule géinge bedeiten, datt een duebel Personal misst astellen, duebelt Equipement misst kafen an d'Käschte sech doduerch och géife verduebelen. Esou steet et an der Broschür, déi d'Astrid Mosel-Kneip zesumme mam Gemengeconseiller Raymond Weiler virum Referendum zesummegestallt huet.

Astrid Mosel-Kneip, Schäffin zu Simmer

D'Gemeng Simmer kritt duerch hir Fusioun mat der Gemeng Habscht vum Staat eng an eng hallef Millioun Euro. Dës gëtt integral an de Bau vun der neier Schoul zu Simmer investéiert. Datt d'Schoul zu Simmer bleift a keng Zentralschoul tëscht Simmer an Habscht entsteet, wier de Wonsch vu villen Eltere gewiescht, esou de Simmer Buergermeeschter Yves Ewen. Well hei an Zykle géif geschafft ginn, missten déi Simmer, Gräischer a Rieder Kanner net méi op Habscht oder Äische gefouert ginn.

Speziell Situatioun um politesche Plang

Simmer wielt den 8. Oktober bei de Gemengewahlen nach am Majorzsystem, seet den Yves Ewen, Buergermeeschter vu Simmer. Leit, déi eng Parteikaart hätten, wieren net un de Parteizwang gebonnen.

"Si kënnen awer am Interêt vu Simmer, Gräisch a Rued decidéieren an d'Interesse vertrieden. Si sinn net un dee Parteizwang gebonnen, wéi elo zum Beispill eng CSV-Fraktioun zu Habscht."

Yves Ewen, Buergermeeschter vu Simmer

Habscht dogéint wielt am Proporzsystem, dat heescht, hei wielen d'Bierger d'Lëschte respektiv Politiker mat enger Parteikaart. An der Transitiounsphase bis d'Gemengewahlen a sechs Joer stellt Habscht dann eelef Vertrieder, Simmer dogéint véier.

Dono reduzéiert sech d'Zuel vun de 15 Gemengevertrieder vun Habscht a Simmer erëm op eelef. Vun do u gëtt dann an der ganzer Gemeng Habscht am Proporzsystem gewielt.

D'Interesse vun de Simmer Bierger

D'Astrid Mosel-Kneip mécht sech Suergen, datt doduerch keng Majoritéit vu Simmer Gemengevertrieder méi zustane kéim. Doduerch riskéieren d'Interesse vun de Simmer Bierger net vertrueden ze ginn, esou d'Schäffin vun der Gemeng Simmer.

"Natierlech ass déi Angscht do, datt een op eng Kéier seng Identitéit net méi huet. Mä ech mengen, d'Identitéit déi bleift. D'Identitéit an deem Duerf, an deem ee wunnt, bleift déi nämmlecht. D'Angscht ass, datt vläicht an den Dierfer net méi esou vill gemaach gëtt, wéi virdru gemaach ginn ass, well dat anert ass wäit ewech. Mir leien um hënneschte Wupp, dat sinn éischter d'Ängschten, déi mer hunn."

Fusiouns-Beispill am Norden

Eng 50 Minutte mam Auto vu Simmer ewech ginn et zwou Gemengen, déi virun ähnlechen Erausfuerderunge stoungen. D'Gemeng Wolz an d'Landgemeng Eschweiler si virun zwee Joer fusionéiert. Ronn 80% vun de Wëltzer hunn deemools an hirem Referendum dofir gestëmmt. Zu Eschweiler war d'Begeeschterung mat 54 Prozent vun de Stëmme méi kleng, obwuel d'Initiativ vun der klenger Landgemeng koum.

Och hei gouf an deene leschte Wahlen am Proporz- an am Majorzsystem gewielt. Elo wielen d'Bierger aus der ganzer Gemeng Wolz fir d'éischte Kéier am Proporzsystem. Dat ass eng Ëmstellung, seet eng Eschweiler Biergerin. Eng kleng Gemeng hätt net esou vill Choix, wéi eng grouss, mengt hirersäits eng aner jonk Biergerin.

"Et sinn natierlech och Saachen, déi sech am Negative geännert hunn. Bei mir sinn dat zum Beispill d'Steiere vum Hond, déi e Stéck méi deier gi sinn, mä awer elo net der Däiwel. Ech fannen et awer am Allgemenge gutt esou."

Biergerin mat hirem Hond

Zesummeschloss vun de Veräiner an de Pompjeeë

Déi Haaptvirdeeler géingen d'Eschweiler virun allem am Zesummeschloss vun de Veräiner an de Pompjeeë gesinn. Et géing awer net drëm goen, déi kleng Gemeng, Zitat "ze schlécken" esou de Wëltzer Buergermeeschter. De Frank Arndt ass der Meenung, datt d'Identitéit vun deene verschiddene Bierger eng grouss Roll spillt an eng Beräicherung wier.

"D'Identitéit vum Duerf, dat ass ëmmer de Charakter, deen d'Duerf sech selwer gëtt. D'Dierfer Eschweiler, Knapphouschent, Selscheid an Erpeldang koume bäi an do huet och all Duerf seng eegen Identitéit."

Eschweiler a Wolz hu sech an der neier Gemeng, wéi et schéngt, zesummefonnt. Ob Simmer an Habscht dat och hikréien, bleift ofzewaarden. Vill Froe bleiwen nach op. "Do waren esou vill Veräiner, bleiwen déi elo nach bestoen oder fusionéieren déi Veräiner och nach mat Habscht?" freet sech eng Biergerin.