Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt Doheem: Kanner als Affer unerkennen

Riicht eraus

Gewalt Doheem: Kanner als Affer unerkennen

789 mol ass d'Police d'lescht Joer wéinst haislecher Gewalt intervenéiert. Dat geet aus dem Rapport vum Kooperatiounscomité Violence ervir. Kanner, déi Zeie vun haislecher Gewalt sinn, ginn net als Affer unerkannt. Dat muss sech änneren, fuerderen Associatiounen. Gewalt doheem géif méi wäit goen, wéi dat wat an offizielle Rapporte beliicht gëtt.



auto_stories

5 min

Gewalt Doheem ass nach ëmmer ee schlëmme gesondheetspolitesche Problem a Sensibiliséierungscampagnë bleiwe weiderhin néideg. Dat sot d'Pierrette Meisch, Direktesch vun der Fondatioun Profamilia an der Emissioun Riicht eraus.

Kanner besser als Affer unerkennen

Duerch d'Gesetz vu September 2003 iwwert d'Violence domestique konnt de Phänomen vun der haislecher Gewalt zu Lëtzebuerg besser beschriwwe ginn. D'Police ass d'lescht Joer 789 Mol wéinst haislecher Gewalt intervenéiert.

A wann et sech an deene meeschte Fäll ëm Gewalt an der Koppel handelt, sou ginn d'Kanner dacks d'Zeie vun där Gewalt a sinn traumatiséiert. Dat soten déi dräi Invitéeën, d'Pierrette Meisch vun der Fondatioun Profamilia, den Dokter Roland Seligmann vun der ALUPSE an d'Laurence Bouquet vum Service Riicht Eraus vun der Croix Rouge. Fir den Ament gi si net als Affer unerkannt an dat misst sech änneren.

Verschidde Forme vu Gewalt

D'Gewalt Doheem géintiwwer Kanner gëtt zum Deel vun der Alupse dokumentéiert, der Associatioun déi präventiv géint Kandsmësshandlung schafft. 2015 huet d'Alupse 210 Famille mat 422 Kanner suivéiert. 280 Kanner hate Symptomer vun enger Mësshandlung. Dobäi dierf een net nëmmen déi physesch, mä och déi psychesch a sexuell Mësshandlunge betruechten, sot den Dokter Seligmann.

A 40 Prozent vun den neien Dossieren, déi d'Alupse virun zwee Joer traitéiert huet, goung et ëm sexuelle Mëssbrauch. Déi Affer leiden dacks ënner posttraumatesche Belaaschtungsstéierungen, ënner Panikattacken an Ängschte bei alldeegleche Situatiounen.

Eng aner Form vu graver Gewalt géintiwwer Kanner ass d'Vernoléissegen, sot den Dokter Roland Seligmann. D'Konsequenze fir Puppelcher a Kanner tëscht null an dräi Joer si besonnesch schro, wëll se net léieren eng Vertrauensverbindung mat anere Mënschen opzebauen. Wa näischt ënnerholl gëtt, riskéieren déi Kanner ni eng Empathie z'entwéckelen, esou den Dokter Roland Seligmann.

"40 Prozent vun den Affer gi gewalttäteg"

Déi meescht Persounen, déi an hirer Kandheet maltraitéiert goufen, reproduzéieren déi Gewalt net vis a vis vun hire Kanner, seet d'Pierrette Meisch, Direktesch vun der Fondatioun Profamilia. Ronn 40 Prozent vun den Affer widderhuelen déi Gewalt awer.

An der Praxis, bei Profamilia, géif ee mierken, datt d'Gewalttäter an hirer Kandheet dat, wat se erlieft hunn, net konnte verbaliséieren. An, datt se net an hirer Opferroll unerkannt goufen. Dat sinn éischter déi Kanner, déi riskéieren sech vun hiren Emotiounen ze dissociéieren, esou d'Pierrette Meisch.

Phänomen vum gerëselte Puppelchen hëlt zou

Zënter 2007 ass d'Unzuel u Puppelcher, déi vun den Eltere gerëselt a blesséiert goufen, geklommen. Den Dokter a Pediater Roland Seligmann gesäit all Joers tëscht engem a fënnef där Fäll. D'Puppelcher stierwen un de Suitte vun deem brutale Geste oder si fir hiert d'Liewe laang schwéier behënnert. Virun 2007 gouf et ee Fall all dräi Joer. A jonken oder manner jonke Famille ginn et Spannungsfelder, erkläert de Pediater, wou Elteren op ee Mol richteg duerchdréinen. Dat heescht, eppes mat hirem Kand maachen, wat eng Persoun mat engem gesonde Mënscheverstand net mécht.

Iwwer een Drëttel vun den Affer si Männer

An de Statistiken vun de Police Interventiounen, a punkto haislech Gewalt, gesäit een, datt 37 Prozent vun den Affer Männer sinn.

"Mir dierfen eis näischt virmaachen. Männer a Fraen si gläichermoossen gewalttäteg, wann et ee Konflikt an der Koppel gëtt."

Dat ënnersträicht d'Laurence Bouquet, Responsabel vum Service Riicht Eraus vun der Croix-Rouge. Et ass dee Service, dee sech mat den Täter befaasst.

De Zyklus vun der Gewalt an der Koppel

De Service Riicht Eraus vun der Croix-Rouge suivéiert Täter, déi am Fall, wou si duerch d'Decisioun vum Parquet aus der Wunneng ausgewise ginn, dozou gezwonge ginn, eng Consultatioun unzefroen.

Déi physesch Gewalt géintiwwer dem Partner ass een Deel vum Gewaltprozess, soen d'Pierrette Meisch an d'Laurence Bouquet. An enger éischter Phas gëtt d'Affer vu sengem normalen Ëmfeld, Famill oder Frënn, isoléiert. Déi zweet Etapp sinn d'Erniddregungen, d'Fragiliséiere vum Affer an de Verloscht vum Selbstwäertgefill. Weider Forme vu Gewalt trieden dono op, wéi déi finanziell, sexuell a physesch Gewalt bis hin zum Doud vum Affer oder dem Suicide vum Täter.

Während där Consultatioun bei Riicht Eraus geet et drëms, den Täter oder d'Täterin ze responsabiliséieren, sou datt d'Persoun sech bewosst gëtt, datt se eppes an hirem Behuelen ännere muss.

Dacks kënnt eraus, datt den Täter oder d'Täterin an eng Stresssituatioun geréit. Sief et wéinst dem finanziellen Drock, der Wunnengsnout a virun Allem wann d'Affer decidéiert, d'Scheedung unzefroen oder d'Trennung, seet d'Laurence Bouquet.

"Da schloen si aus engem Gefill vun Ohnmacht eraus, wëll se net wëssen, wéi si mat deem emotionelle Stress sollen ëmgoen."