Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt géint d'Rohingya: Ethnesch Säuberung oder Genozid?

Myanmar

Gewalt géint d'Rohingya: Ethnesch Säuberung oder Genozid?

D'Flüchtlingssituatioun vun der Rohingya Minoritéit am Myanmar ass déi gréisste Flüchtlingskris, seet d'UNO. Et géifen ethnesch Säuberunge stattfannen. Den European Rohingya Council seet allerdéngs, et géing e Genozid stattfannen.

auto_stories

6 min

Zënter Enn August sinn iwwer 600.000 Mënsche vun der Rohingya Minoritéit aus dem Myanmar geflücht, gréisstendeels an de Bangladesch. D'Vereente Natioune schwätze vun där Flüchtlingsnoutsituatioun, déi sech am séiersten entwéckelt. D'Aktioune vum Militär géint d'moslemesch Bevëlkerung am Staat Rakhine wieren eng ethnesch Säuberung. E Méindeg huet d'UNO de Myanmar opgefuerdert, mat der Gewalt géint d'Rohingya opzehalen.

E geopolitesche Spillball

Fir d'Anita Schug vum European Rohingya Council geet d'Opfuerderung vum UN-Sécherheetsrot un de Myanmar net wäit genuch. Verschidden europäesch Länner hätten zwar eng méi staark Positioun gefuerdert, mä China, Indien a Russland hätte sech dogéint gewiert.

De Myanmar gëtt vun akademeschen Experten als geopolitesche Spillball tëscht de Regionalmuechte China an Indien ugesinn: China ass de gréissten Handelspartner vu Myanmar a verkeeft Waffen un déi birmanesch Arméi. Am Géigenzuch dozou huet d'Regionalmuecht exklusiven Accès op den Export vun de Buedemschätz vum Myanmar. Aus Angscht virum Afloss vu China huet och Indien Handelsbezéiunge mam Myanmar verstäerkt.

Rohingya Flüchtling

D'Spriecherin vum European Rohingya Council fuerdert, datt d'UNO eng aner Sprooch benotzt. D'UNO misst d'Verbriechen als dat bezeechnen, wat et wierklech wier: Als Genozid, an net als Paradebeispill fir ethnesch Säuberung. Da wieren d'Staaten obligéiert ze handelen an ze protegéieren, a China a Russland kéinten dann net méi vill maachen, esou d'Anita Schug. D'Vereenten Natiounen hätten hir Roll als Watchdog net erfëllt an d'Rohingya Bevëlkerung am Stach gelooss.

Och den Noriichtesender BBC hat virun engem Mount schwéier Virwërf erhuewen. D'UNO hätten d'Diskriminéierung an d'Verfolgung vun de Rohingya jorelaang vertuscht. Fir d'Anita Schug vum European Rohingya Council kann d'Léisung nëmme vun ausserhalb vum Myanmar kommen. Mä d'Regierungscheffin Aung San Suu Kyi misst hir Positioun an hiren Afloss och notzen a sech fir d'Rohingya a géint d'Handele vun der Arméi ausschwätzen.

Aung San Suu Kyi ënner Drock

D'Aung San Suu Kyi hätt eng moralesch Flicht a si hätt vill Muecht, mengt d'Anita Schug. Verschidde Leit géife soen, si hätt keng Muecht géint d'Militär. D'Aung San Suu Kyi hätt awer méi eng grouss Muecht, wéi ee sech virstelle kéint, si géif vun der ganzer Bevëlkerung ënnerstëtzt ginn. Als Regierungscheffin an als Mamm vun der Natioun wier et hir Obligatioun ze soen, wat net an der Rei ass, esou d'Spriecherin vum European Rohingya Council.

D'Aung San Suu Kyi huet keng Muecht iwwert d'Arméi, déi 25 Prozent vun de Posten an der Regierung besetzt an den Interieur kontrolléiert. Zënter Enn August fuerderen awer ëmmer méi Stëmmen op internationalem Niveau d'Regierungscheffin an Nobelpräislaureatin dozou op, sech géint d'Arméi ze positionéieren.

2012, wéi déi systematesch Gewalt géint d'Rohingya am Staat Rakhine am Myanmar ugefaangen huet, wier d'Aun San Suu Kyi nach net op dës Aart a Weis an der internationaler Press couvréiert ginn, seet d'Lisa Brooten. Déi amerikanesch Fuerscherin beschäftegt sech mat der Duerstellung vun de Rohingya an der Press. Den internationalen Drock op d'Aung San Suu Kyi géif vun der Bevëlkerung am Myanmar schlecht opgeholl ginn.

Eng aner Diskussioun am Myanmar

D'Aun San Suu Kyi wier bei der lokaler Populatioun immens beléift, seet d'Lisa Brooten. Vill Leit am Myanmar, och Journalisten, wiere rosen, datt de Fokus op hir ass, an net um Militär. D'birmanesch Medie si ganz kritesch géigeniwwer der Duerstellung vun der Aun San Suu Kyi an der internationaler Press, seet d'Lisa Brooten.

D'Buddhisten am Staat Rakhine wieren d'Haaptaffer. D'buddhistesch Bevëlkerung géif och ënnert der Situatioun leiden, mä net an deem nämmlechte Mooss. Duerch sozial Medie géif sech dës Usiicht verbreeden a verfestegen.

Flüchtlingscamp am Bangladesch.

Am Myanmar hätten 0,01 bis 0,1 Prozent vun de Leit Accès op den Internet gehat, seet d'Lisa Brooten. Elo hätte 95 Prozent vun der Populatioun Handyen, an et gëtt geschat, datt 20 bis 38 Prozent dovunner e Facebook Account hunn. Dës Entwécklung wär an de leschten zwee oder dräi Joer.

Dat wier eng enorm Augmentatioun vu Leit, déi Accès op Technologien an Informatiounen hunn, déi si virdrun net kannt hätten. An d'Leit wéissten net onbedéngt, wéi si kritesch mat deenen Informatiounen ëmginn. D'sozial Medien hunn am Myanmar den Effekt, datt eng Säit vun der Geschicht verstäerkt a verzerrt duergestallt gëtt, esou d'Lisa Brooten.

Erausfuerderung fir lokal Bevëlkerung

600.000 Leit vun der Rohingya Minoritéit sinn zënter August aus dem Myanmar geflücht, haaptsächlech an d'Nopeschland Bangladesch. De Bangladesch ass en aarmt Land, mat der gréisster Bevëlkerungsdicht vun der Welt. An awer géifen d'Leit d'Flüchtlingen aus dem Myanmar ophuelen, seet de Marc Elvinger, dee mat der ONG Friendship aus dem Bangladesch am Flüchtlingslager op der Grenz zum Myanmar war.

Tëschent dem 25. August an dem 15. September hätten déi meescht Flüchtlingen a Famillen an där Géigend gewunnt. Et wier nach iwwerhaapt kee Camp installéiert ginn, fir d'Leit ze regroupéieren, esou de Marc Elvinger. Am Ufank gouf et keng Liewensmëttelversuergung vu Baussen, an déi lokal Populatioun hätt d'Leit mat duerchgefiddert.

Marc Elvinger vun der ONG Friendship an engem Flüchtlingscamp am Bangladesch

D'ONGe missten awer oppassen, datt d'lokal Bevëlkerung net géif benodeelegt ginn, fir d'Solidaritéit net a Gefor ze bréngen. Och d'Anita Schug ass der Meenung, datt de Bangladesch net nach méi strapazéiert soll ginn. Et misst dofir gesuergt ginn, datt d'Rohingya zréck an de Rakhine dierfen. De Marc Elvinger seet, hie wier fir den Ament net optimistesch, datt dat geschitt, och wéinst dem Afloss an de wirtschaftlechen Interesse vu China.

Eng aner Situatioun an de Flüchtlingslager

Et wier ee ech bewosst, datt et an anere Flüchtlingslagere ganz aner Situatioune géife ginn. D'Leit géifen hei hiert ganzt Liewe verbréngen. De Marc Elvinger mengt allerdéngs, datt an deem Fall, d'Lageren deplacéiert misste ginn. D'Plazen, wou d'Flüchtlingslagere momentan wieren, géife sech net als permanent Lageren eegenen. Et wier souguer geféierlech, wéinst dem Risiko vun engem Landrutsch. Bangladesch wier nämlech e Land, dat nëmme aus Sand besteet.

Zënter gutt zwee Méint kënnt et am Norde vum myanmaresche Staat Rakhine erëm verstäerkt zu Ausenanersetzungen tëschent dem Militär an der moslemescher Bevëlkerung. D'systematesch Gewalt vun der Arméi géint d'Rohingya soll awer schonn 2012 ugefaangen hunn.


Dat ganzt Gespréich vum Fanny Kinsch mat der Anita Schug (Englesch):

Anita Schugplay_arrow