Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich Ufuerderunge beim Rekrutement néideg

Police-Reform

Méi héich Ufuerderunge beim Rekrutement néideg

16 Joer no der Fusioun tëschent Police a Gendarmerie klot d'Gewerkschaft SNPGL weiderhin iwwer ze knapp personell Ressourcen. Et misst méi a besser rekrutéiert ginn, sou den SNPGL-President Pascal Ricquier. D'Zesummeleeë vu Commissariats de proximité wier eng Noutléisung.

Michel Delage

auto_stories

4 min

Pascal Ricquier

D'Kriminalitéit am Land géif an d'Luucht goen, d'Aarbecht géif zouhuelen. "Mir kënnen déi Leit, déi mer hunn, am ganze Land verdeele wéi mer wëllen: Et bleiwen ëmmer déi selwecht Leit, mir hunn der net genuch", sot de Pascal Ricquier am Gespréich mam Carole Schimmer. Fir de President vun der Policegewerkschaft hätten déi vum Minister Etienne Schneider geplangte Fusioune vu Commissariats de proximité (CP) sech aus enger Noutsituatioun erginn.

Een CP sollt am Prinzip mat 5-6 Leit besat sinn. A Wierklechkeet wieren et der vill manner: Leit wieren op aner Kommissariater verdeelt ginn, anerer hätt een an d'Direction générale versat a mat aneren Aufgabe befaasst. Eng ganz Rëtsch Poliziste géifen an d'Pensioun goen. Déi 40 nei Astellungen dëst Joer géifen dës Ofgäng net kompenséieren, sou de Pascal Ricquier.

Méi Commissariats de proximité falen ewech wéi geduegt

Net nëmmen 13, mee 33 Commissariats de proximité géifen am ganzen duerch d'Fusiounen ewech falen, seet de Gewerkschaftler. A méi grousse Regioune wéi Dikrech, Diddeleng oder Déifferdeng géifen och CPen zougemaach ginn. Well donieft nach Commissariats d'intervention (CI) bestoe bleiwen, déi awer mat anere Missioune befaasst sinn, wiere sech déi betraffe Buergermeeschteren däers vläicht net bewosst.

Wien d'Aarbecht vun den CPen do géif iwwerhuelen, wier net gekläert. D'Ëmsetzung vun der Police-Reform wier, dem SNPGL-President no, net transparent genuch. Et géif net mat all den zoustännege Leit geschwat ginn.

Schoulesche Niveau vu Kandidaten ass erof gaang

Fir den SNPGL läit de Problem beim Rekrutement vun neie Polizisten. Datt vill Kandidaten den Examen net packen hätt net domat ze dinn, datt d'Epreuvë méi schwéier gi wieren. Beim Civics-Cours, der eenzeger Matière, déi geléiert muss ginn, géifen "déi meescht duerchfalen, well se et einfach net gekuckt hunn". Bei der Instruction tactique de base vun dräi Méint, bei där souwuel dat Physescht wéi och dat Moralescht getest ginn, wiere vill Kandidaten dem Drock net gewuess.

De Pascal Ricquier stellt een allgemenge Réckgang vum schoulesche Niveau fest: "Leit mat engem Premières-Diplom schreiwe grad esou vill Feeler wéi déi mat enger 11e". Doriwwer missten aner Leit sech Gedanke maachen.

Am Ausland gëtt ee Polizist mat engem Bachelor

D'Gewerkschaft proposéiert d'Examen all dräi Méint ofzehalen, bis elo ass et eemol d'Joer. An da missten d'Ufuerderungen an d'Luucht gesat ginn. Fir Inspekter ze ginn misst een an Zukunft eng Première oder 13e virweisen, fir d'Karriär vum Brigadier anzeschloe wier eng 11e néideg. Am Verglach mat de Nopeschlänner, wou Poliziste mat Bachelor-Diplomer kéinten ofschléissen, wier Lëtzebuerg "Joeren hannendran", sot den SNPL-President.

De Pascal Ricquier war den Invité vum Carole Schimmer: