Dat misst méiglech sinn, och wann d'Gesetz elo gestëmmt ass, sou de Romain Wolff. Sollt dat net geschéien, wier mat gewerkschaftlechen a juristeschen Aktiounen ze rechnen: dat hat d'CGFP jo schonn e Sonndeg an engem gemeinsame Communiqué mat OGBL an LCGB ugekënnegt.
Weider fuerdert d'CGFP, datt d'Schnelltester weider bestoe bleiwe sollen, an datt déi zertifiéiert Schnelltester vum Patron - an dësem Fall de Staat - an net den Employé bezuele soll.
CGFP: "Sozialdialog funktionéiert net"
De Romain Wolff gëtt zou, datt d'Gewerkschaften iwwer dat neit Covid-Gesetz consultéiert gi sinn. Bei dëser Entrevue hätten déi dräi Gewerkschaften och ze verstoe ginn, wat si um Gesetz net guttheeschen: si hate virun allem de CovidCheck op der Aarbecht kritiséiert.
D'Regierung hätt de Gewerkschaften awer ze verstoe ginn, datt si hire Revendicatiounen net géife Rechnung droen. "An du war et fäerdeg - dat ass kee Sozialdialog", seet de Romain Wolff:
"A wann de Sozialdialog net funktionéiert, oder net esou funktionéiert wéi en eigentlech misst - dat heescht, datt och dat a Betruecht gezu gëtt, wat ee wëllt als Gewerkschaft - da geschitt dat, wat net soll geschéien. Da gëtt et op der Place publique ausgedroen. An dat ass net gutt. Dofir: Ech wier frou, wann de Sozialdialog erëm richteg an d'Gäng kéim."
Sollt de Revendicatioune vun de Gewerkschafte bis Enn dës Mounts net Rechnung gedroe ginn, wär mat Aktiounen ze rechnen: dat hate CGFP, OGBL an LCGB jo schonn e Sonndeg an engem gemeinsame Communiqué ugekënnegt. D'Dispositioun iwwer de CovidCheck op der Aarbecht soll jo eréischt den 1. November a Kraaft trieden.