Schoulrentrée Gewerkschafte sinn no Entrevue enttäuscht

D'Vertrieder vun de Gewerkschafte vun de Lycéesenseignante sinn no hirer Entrevue mam Claude Meisch enttäuscht, datt am Secondaire kee CovidCheck agefouert gëtt.

Vesna Andonović / cbi

Schoul

D'Gewerkschafte begréissen awer, datt wéi am Fondamental d'Maskeflicht opgehuewe soll ginn: doduerch géif d'Schoul zu engem Stéck Normalitéit zeréckfannen. En vue vum Wanter bedaueren d'Gewerkschaften, datt de Ministère weider op Lëfte setzt, amplaz Loftfiltere fir d'Klassesäll unzeschafen.

De Raoul Scholtes vun der Féduse/CGFP ass enttäuscht: bal all d'Gewerkschafte wiere fir de CovidCheck gewiescht, mee de Minister géif just d'Maskeflicht ofschafen an et soll just nach een Test d'Woch ginn, deen d'Schüler mat heem géife kréien. De Claude Meisch wier géint de CovidCheck, well e géint eng Testflicht wier, mengt de Vertrieder vun der Féduse.

Héchstens an engem vun de véier Zenarien am Stufeplang kéint de Claude Meisch sech eppes Änleches wéi CovidCheck virstellen, bedauert de Raoul Scholtes, "also dann, wann de Virus schonn an der Schoul ass".

Den SEW/OGBL ass an deem Punkt anerer Meenung. De Jules Barthel sot eis, et hätt ee sech iwwerzeege gelooss, datt d'Test- a Schoulflicht net kompatibel sinn.

Wéi eng Mesurë fir d'Schoulrentrée zeréckbehale ginn, gëtt muer am Regierungsrot decidéiert. Offiziell presentéiert gi se dann en Donneschden de Mëtteg um zwou Auer bei enger gemeinsamer Pressekonferenz vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

Méi zum Thema

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen