Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Feith: Keng Luxair-Mataarbechter am chômage partiel duerch méi bëlleger ersat

Aviatioun

Gilles Feith: Keng Luxair-Mataarbechter am chômage partiel duerch méi bëlleger ersat

De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith dementéiert formell, datt de Leasing-Vertrag mat German Airways op Käschte vu Luxair-Personal géif goen. Verschidden Deputéierte haten den Donneschdeg an enger Chamberkommissioun behaapt, d'Luxair hätt Mataarbechter am Chômage partiel gelooss a se duerch eng Firma ersat, déi méi bëlleg schafft. Déi Behaaptung wier falsch, seet de Gilles Feith am 100,7 Interview.

auto_stories

2 min

De Luxair-Direkter Gilles Feith. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow

Am Februar hat d'Luxair eng Partnerschaft mat German Airways annoncéiert. Déi Firma bitt fir aner Fluggesellschaften Fligeren mat Cockpit Personal a Piloten un. Zanter Mëtt Mee flitt en Embraer 190 vun German Airways fir d'Luxair. Mee, seet de Giles Feith, dat wier keen Outsourcing, d'Luxair hätt sech eng Capacitéit dobäi gelount. Et hätt een och fir d'éischt gekuckt, fir e weidere Fliger ze kafen, et hätt een awer keng gutt Occasioun fonnt, sou de Luxair-Direkter.

An d'Kritik, vun ënner anerem dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen an dem Carlo Weber vun der LSAP, datt an de Volle vum German Airways Fliger Mataarbechter vun der Luxair hätte kënnen agesat ginn, déi am Chômage partiell waren, wier falsch, sou de Luxair-Direkter.

"Mir hu wierklech opgepasst, datt ni dee gelounte Fliger flitt, wou ee Luxair-Vol hätt kéinte gemaach gemaach ginn."

"Do wou mer konnten, hu mer eise Q400 agesat"

De geleaste Fliger soll prinzipiell op méi laange Distanzen agesat ginn, déi vun de Luxair Boeing Fligere geflu ginn. Mee e gouf a gëtt awer och op de Volen agesat, déi vun deene méi klénge Fligeren, de Havilland Q400 geflu ginn. Dat hat och d'Gewerkschaft LCGB kritiséiert, well eben och hei Luxair-Leit hätte kënnen agesat ginn, déi am Chômage partiell wieren. De Gilles Feith seet awer och do:

"Beim Q400 ass et och sou, datt mer do, wou mer konnten, och eisen eegene Q400 agesat hunn. Wa mer dann natierlech duerch Absenteismus, oder duerch eng Pann oder wéi och ëmmer, net méi genuch Q400 Capacitéit haten, dann hu mer och de gelounte Fliger genotzt, fir deen dann op déi Destinatiounen ze schécken, mee et ass awer ganz kloer, datt mer do net dann eis Leit am Chômage partiel haten."

Gilles Feith: D'nächst Joer e weidere Fliger lounen oder kafen

D'Luxair schafft och an Zukunft weider mat German Airways. De geleaste Fliger gëtt weider iwwert de Wanter agesat, an sou de Gilles Feith. Fir d'nächst Joer géifen d'Luxair-Responsabel souguer iwwerleeën nach e weidere Fliger ze lounen oder ze kafen.