Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net an Euphorie verfalen"

Gilles Roth am Interview

"Net an Euphorie verfalen"

Den CSV-Députéierte Gilles Roth geet am 100,7-Interview op déi rezent Sondagen an, mee och op d'Steierreform an d'Enn vu senger Participatioun am Aaarbechtsgrupp iwwer d'Grondsteier, déi hie "bedauert".

Christiane Kleer

auto_stories

4 min

De Gilles Roth "bedauert", datt hien net méi un der Reform vun der Grondsteier matschafft

Bei der CSV soll ee wéinst de gudde Resultater an de rezente Sondagen net an eng Euphorie verfalen, mengt de Gilles Roth. Ëmmerhi wieren et nach gutt zwee Joer bis bei déi nächste Chamberwahlen. An do kéint de System vum Panachage zu manner gudde Resultater féieren, wéi dat an de rezente Sondagen de Fall war. 

Luc Frieden: "ganz dichtege Minister"

De CSV-Deputéierte begréisst awer de politesche Comeback vum Luc Frieden. Den Ex-CSV-Finanzminister wier e "ganz dichtege Minister" gewiescht, deen um Enn vun der virëchter Regierung ongerecht behandelt gi wier, zum Beispill doduerch datt hien "praktesch responsabel gemaach gi" wier fir de Bommeleeërdossier. Datt et, zum Beispill, 2008 an 2009 zu Steiererliichterunge konnt kommen, wär de Verdéngscht vum Luc Frieden senger Sachkenntnis a senger "Einfühlsamkeet" ze verdanken. 

De Gilles Roth sot och, datt wann d’CSV an d’Regierung géing zeréckkommen, Deeler vun der geplangtener Reform vun de Familljenzoulage réckgängeg gemaach ginn. Datselwecht géif fir d'Trennung vu Kierch a Staat gëllen.

"Dat bedaueren ech"

Am Gespréich mam Mick Entringer ass awer och Rieds gaang iwwer d'Steierreform. Am Kader vun der Virbereedung vun där Reform war de Gilles Roth jo Member vum Aarbechtsgrupp iwwer d'Grondsteier. Seng Fraktioun war deemols vun der Regierung gefrot ginn, hat awer refuséiert. De Gilles Roth, fréiere Beamten an der Steierverwaltung, hat sengersäits akzeptéiert. Hie wier vun enger erfuerener Beamtin gefrot gi fir am Grupp iwwer d'Grondsteier matzeschaffen. 

Dat war, senger Meenung no, och opportun well et um Thema Grondsteier géif ee Konsens ginn. "Dofir sollen Oppositioun a Regierung do konstruktiv zesumme schaffen. Ech wollt meng Aarbecht mat abréngen", seet de Gilles Roth am Gespréich mam Mick Entringer. Hien géif zwar agesinn, datt et am Interessi vun der CSV gewiescht wier, mat där Mataarbecht opzehalen, mee hie seet och "dat bedaueren ech".

Steiertariffer an Inflatioun

De Gilles Roth ass awer dovun iwwerzeegt, datt eng Reform vun der Grondsteier néideg ass – och wann déi bei de Proprietairen op Kritik kéint stoussen. Et wier offensichtlech, datt d'Grondsteier niddreg wier, dat géifen déi Concernéiert och gesi wa si hir Steiererklärung ausfëllen. "D'CSV steet zu enger Reform vun der Grondsteier", sou de Gilles Roth. Hien deelt awer  "d'Skepsis fir dat nach an dëser Legislaturperiod hinzekréien". Et kéint een awer déi néideg Viraarbechte leeschten, sou de Gilles Roth. Den CSV-Députéierte mengt net datt eng Reform vun der Grondsteier e groussen Impakt op Präisser hätt: "dat huet eppes ze di mat Offer an Demande". Staatlech Wunnengsbaugesellschafte wéi de Fonds de logement an d'SNHBM wieren hei gefuerdert. 

Wat d'Steierreform u sech ugeet, sou ass de Gilles Roth der Meenung datt de Steiertarif deelweis muss un d'Inflatioun ugepasst ginn. Zanter 2009 hätt et keng sou steierlech Adaptatioune ginn, trotz enger Inflatioun vun zënterhier 11,7%. "Deen deen e steierlecht Akommes vu 50.000 Euro am Joer huet, deen huet doduerch e Verloscht pro Joer vu netto 1070 Euro", sou de Gilles Roth, deen ähnlech Avisen vun de Beruffkummeren opzielt.

Regierung soll Proposen op den Dësch leeën

A Saache Betribsbesteierung läit d'CSV mat den aktuelle Regierungsproposen op enger Linn, fir den taux d'affichage "op 15-18% erofzesetzen,  mat enger méi breeder Assiette fir méiglechst vill "déchet fiscal" ze vermeiden. Doriwwer eraus missten déi nei Liewensformen (méi gescheete Koppelen, Monoparentauxen) an d'Steierreform mat afléissen.

Lo wier et awer un der Regierung fir hir Proposen op den Dësch ze leen "fir datt mir als CSV kënnen alternativ Proposë maachen", sou nach de Gilles Roth.