Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - Light Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn d'Aarbechter Spillball vun der Politik?

Entwécklung vun der Aarbecht

Ginn d'Aarbechter Spillball vun der Politik?

Mat senger Propose, iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung zu Lëtzebuerg nozedenken, huet den Wirtschaftsminister Etienne Schneider viru kuerzem ee Steen an d'Waasser geheit. Seng Interventioun kléngt scho staark no Wahlcampagne. Obschonn esou eng Fro et géif verdéngen, an enger sachlecher Atmosphär verdéift ze ginn.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Wéi de Wirtschaftsminister Etienne Schneider Mëtt Januar beim Neijoerschpatt vun der LSAP de Sujet vun der Aarbechtszäitverkierzung an de Raum gestallt huet, hunn d'Reaktiounen net op sech waarde gelooss. D'Patronat ass am Carré gesprongen an huet d'Propositioun kloer verworf. D'Gewerkschaften hu sech an enger éischter Phas virsiichteg mat esou enger Iddi ugefrënnt. An de Staatsminister Xavier Bettel huet op der Neijoerschreceptioun vun der FEDIL versicht, den Tirang erëm séier zouzemaachen, andeems hien drop higewisen huet, datt de Sujet net um Agenda vun der Regierung géif stoen.

D'Fro vun der Aarbechtszäitreegelung ass natierlech e brenzelegt Thema. D'Sozialpartner hu sech dowéinst schonn dacks an d'Hoer kritt. Wéi am Kader vun der Erneierung vum PAN-Gesetz iwwert d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit gestridde ginn ass, konnte si sech d'lescht Joer net eens ginn, fir eng Kompromëssléisung ze fannen. D'Regierung huet missen a Saache gesetzlech Referenzperiod an zousätzleche Congé eng Entscheedung treffen. Dat erkläert firwat d'Patronat, dat mat der festgehalener Gesetzesinitiativ net frou war, um Wirtschaftsminister seng rezent Ausso hefteg reagéiert huet.

Aarbecht op Distanz kontrolléierbar?

Et ass ze fäerten, datt den Etienne Schneider de Sujet besonnesch fir Wahlcampagne-Zwecker benotze wëll. Esou eng Problematik verdéngt awer eng seriö Analyse, besonnesch well si mat der komplexer Evolutioun vun der Aarbechtswelt zesummenhänkt. Et ass an der Lescht dacks gesot ginn, datt d'Digitaliséierung vun der Wirtschaft grouss Konsequenzen op d'Aarbechtsëmfeld, a virun allem op d'Aarbechtsplaze wäert hunn. Wat déi genee Inzidenze si kann awer kee mat honnertprozenteger Präzisioun viraussoen.

Et kann een unhuelen, dass zum Beispill den Télé-Travail eng méi grouss Platz wäert kréien. Dat werft natierlech nei Froen op. Ënnert anerem, wéi een eng Aarbecht, déi op Distanz geleescht gëtt, regelen a kontrolléiere kann. Wéi wäit spillt den Zäitfaktor nach eng Roll, fir eng Aarbecht ze verriichten, a wéi kann een dat moossen? Esou Froe wäerte sech ëmmer méi a verschiddene Branche stellen, déi net méi no engem klasseschen industrielle Muster funktionéieren. Et kann een net ausschléissen, datt am Déngschtleeschtungssecteur an Zukunft méi op d'Resultat gepocht gëtt wéi op d'Aarbechtsandeelung vun den eenzele Mataarbechter.

Am Ausland ass schonn dacks iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung gestridden ginn. Woubäi et och do net kloer ass, ob dat eng gutt Léisung ass, fir Aarbechtsplazen ze schaffen. A Frankräich zum Beispill ass d'35-Stonnen-Woch éischter zu engem ideologesche Kampf ausgeaart, ouni datt de Chômage an de leschte Joren däitlech zeréckgaangen ass.

Mënsch a Maschinn gläichgestallt

Och am Europaparlament mécht ee sech Gedanken iwwert déi zukünfteg Aarbechtswelt. Ënnert der Leedung vun der Europadeputéierten Mady Delvaux huet d'juristesch Kommissioun leschte Mount e Bericht adoptéiert, dee sech mat de Konsequenze vun der Robotisatioun auserneesetzt. Dobäi gi berechtegt Froen opgeworf. Mee d'Äntwerten, déi dës Kommissioun verëffentlecht huet, loossen een éischter staunen.

Sou gëtt virgeschloen, e juristesche Statut fir ''elektronesch Mënschen'' ze schafen. Dat heescht, datt de Mënsch mat der Maschinn praktesch gläichgestallt gëtt. Et geet och Rieds vun engem Kompensatiounsfong an vun engem Universalrevenu, déi fir ''d'Affer'' vun der Robotisatioun, also déi di hir Aarbecht doduerch verléieren, agesat solle ginn. D'Bezéiung vum Mënsch zu senger Aarbecht gëtt esou op eng réng utilitaristesch Stuf gesat. De sozialen Aspekt vun der Aarbecht gëtt esou verdrängt, si gëtt just nach duerch de Brëll vum materielle Wuelstand beliicht a riskéiert esou, de Gruef tëschent deenen, déi eppes besëtzen, an deenen, déi vun der sozialer Redistributiounspolitik ofhänken, ze verdéiwen. Domat ginn d'Aarbechter nach méi zum Spillball vun der Politik.