D'Decisioun fir Strofzënse fir privat Leit anzeféiere léich bei den eenzele Banken, betount den Direkter vun der ABBL. D'Bankenassociatioun dierft sech do net amëschen.
Der däitscher Bank hir Decisioun fir d’Strofzënsen, déi si bei den Zentralbanke bezilt u privat Cliente weider ze leeden, hätt ee Steen un d’Rulle bruecht. "Deen éischte fänkt un, an da kënnt eng gewëssen Dynamik hannendrun", mengt de Serge de Cillia. Viséiert wieren da virun allem Leit, déi gréisser Zomme bei der Bank parken. Bei der däitscher Raiffeisebank si Leit concernéiert, déi 100.000 Euro oder méi op hirem Kont stoen hunn.
"D'Zënspolitik vun der EZB fonctionnéiert net"
Dem Serge de Cillia no géing dat och dovun ofhänken, wéi laang déi Europäesch Zentralbank mat hirer Politik vu niddregen a negativen Zënse virufiert. De Leetzëns läit den Ament nach ëmmer bei 0 Prozent. An deen negativen Zëns, deen d’Banken op Depote bei der EZB musse bezuelen, läit bei 0,4 Prozent.
Den Drock op d'Revenuen aus den Zënsgeschäfter géing ëmmer méi grouss ginn, esou de Serge de Cillia. Op där anerer Säit wieren d'Banken zënter enger Zäit mat groussen Investissementer konfrontéiert. Duerch déi europäesch an international Reglementatioune wieren d'Fixkäschten immens héich. Decisioune wéi déi vun der Raiffeisebank wier d'Konsequenz.
Fir den ABBL Direkter geet déi niddreg a negativ Zënspolitik vun der EZB net op. Si soll derzou féieren, datt d’Banke méiglechst vill Kreditter un Entreprisë ginn, fir esou d’Ekonomie unzedreiwen. De Problem wier awer dee vun der Demande. "D'Entreprisë maachen net genuch Demanden no Kreditter, well si keng Projeten hunn oder well si keng Linn hu, wéi et mëttel- a laangfristeg ekonomesch an Europa weidergeet."
Wat méiglech Strofzënse fir Privat-Clienten ugeet, huet d’Deutsche Bank iwwerdeems matgedeelt, datt si dat net wäert aféieren. An engem Interview mat der Bild-Zeitung sot ee vun hire Manager awer, déi niddereg Zënse géife vill Instituter derzou zwéngen, d’Tariffer fir verschidde Bank-Servicer eropzesetzen. Och dat kéint zu Lëtzebuerg geschéien, seet de Serge de Cillia. D’Banke missten hir Clienten awer ëmmer iwwer all Tarif-Ännerungen informéieren.
Lauschtert hei de Bäitrag vum Pierre Reyland:
An hei de ganzen Interview mam Serge de Cillia: