Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell vum Roude Kräiz: "Gitt Blutt spenden"

Bluttspender gesicht

Appell vum Roude Kräiz: "Gitt Blutt spenden"

Feierdeeg, Congéen an divers Viruserkrankungen hunn an de leschte Woche verschidde Leit um Bluttspende gehënnert. Dofir huet deelweis mussen op Reserven zréckgegraff ginn. Dat geet eng Zäit laang, dann awer muss den Trend gestoppt ginn. Dofir huet d'Rout Kräiz elo erëm en Appell fir Bluttspende lancéiert.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Bigstock / Vitador

Lauschterenplay_arrow


Bei eis ginn tëschent 100 an 120 Bluttspenden den Dag gebraucht, fir d'Reserven oprecht ze erhalen. An de leschte Woche sinn der an der Moyenne awer nëmmen tëschent 60 an 80 komm.

Domat huet mussen op d'Reserven zeréckgegraff ginn - an déi sinn elo deelweis opgebraucht, seet d'Dokter Andrée Heinricy vum Roude Kräiz.

120 Dose si fir d'Ofsécherung néideg

"D'Leit hate mat de Feierdeeg, eventuelle Congéen an divers Virusinfektiounen aner Preoccupatiounen", seet si. Déi ugeschwaten 120 Dose ginn am normalen iwwregens net pro Dach gebraucht - si sinn awer wichteg fir d'Ofsécherung.

D'Bluttproduiten halen net éiweg, erkläert d'Andrée Heinricy. Rout Blutkierpecherkonzentrater, déi aus dem Vollblutt gewonne ginn, sinn 42 Deeg ze gebrauchen - Plaquettekonzentrater just siwen Deeg. Dofir gi reegelméisseg Spender esou wichteg.

Déi lescht Woch hätten d'Spenden e bëssen ugezunn. "Et geet awer net duer", seet d'Dokter Heinricy. Si mécht dofir den Appell, datt deen, deen aktuell gesond an disponibel ass, esou séier ewéi méiglech soll spende goen.

Nowuess gesicht

D'Andrée Heinricy ass awer berouegt, datt all Kéier no engem Opruff nei Bluttspender bäikommen."Dat muss och weider goen" ,seet si.

"Wat méi Leit am Spenderpool sinn, wat d'Situatioun méi einfach an entspaant ass."