Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gläiche Loun fir détachéiert Salariéen

Sozialpolitik

Gläiche Loun fir détachéiert Salariéen

Wéi eng sozial Gesetzer gëlle fir e Bauaarbechter, dee vun engem polneschen Entrepreneur op ee Chantier op Lëtzebuerg geschéckt gëtt? An der EU gëtt zënter Méint iwwer nei Reegele fir déi ronn zwou Milliounen "detachéiert" Salariéen diskutéiert. Elo ass d'Europaparlament sech iwwert seng Positioun eens ginn. Dat heescht awer net, datt een Accord um Dësch läit. Well ënnert den EU-Memberlänner ginn d'Meenunge nach ëmmer zimlech auserneen.

auto_stories

3 min

An der Europäescher Unioun ginn et ëmmer méi Salariéen, déi vun hire Patronen an en anert EU-Land geschéckt ginn. Zënter där leschter Erweiderung vun der Europäescher Union ass den Ënnerscheed tëscht de Niveaue vun de Salairen an de verschiddene Memberlänner däitlech méi grouss ginn.

Gläiche Loun fir nämmlecht Aarbecht

Dowéinst erënnere virun allem Gewerkschaften drun, datt de Prinzip vum "gläiche Loun fir déi nämmlecht Aarbecht op där nämmlechter Plaz" muss agehale ginn.

Wann een awer wëllt, datt Salariéen iwwerall d'nämmlecht behandelt ginn, ass et batter néideg déi europäesch Gesetzer upzedaten, seet d'Europadeputéiert Agnes Jongerius.

"Et gëtt ëmmer méi detachéiert Salariéen an der EU. An et gëtt ze vill Entrepreneuren, déi di grouss Differenzen tëschent de Salairen ausnotzen", sou déi hollännesch Sozialistin, déi d'Verhandlunge fir hire Grupp gefouert huet.

Zwou Milliounen detachéiert Salariéë an der EU

Am Ganze sinn an der EU all Joers ongeféier zwou Millioune Leit betraff: Si gi vun hire Patronen an en anert EU-Land geschéckt, fir do ze schaffe. Am meeschte geschitt dat am Bausecteur, bal d'Halschent vun den detachéierte Salariéen an der EU schaffen um Bau.

Déi allermeescht ginn a Frankräich, Däitschland oder d'Belsch geschéckt. Op Lëtzebuerg kommen der all Joers ronn 20.000, par Rapport zu ronn 70.000 Salariéen, déi vu Lëtzebuerger Patronen an aner EU-Länner geschéckt ginn.

An där neier Direktiv soll festgeluecht ginn, datt een detachéierte Salariéen net nëmmen den nämmlechte Niveau am Salaire vun deem Land kritt, wouhin e geschéckt gëtt, mä och vun all den üblechen tarifleche Standarde profitéiere kann.

"Gläiche Loun soll wierklech gläiche Loun heeschen - dowéinst sollen och all d'Kollektivverträg matabezu ginn", seet d'Agnes Jongerius.

Wichteg fir d'Parlament war och, datt eng legal Basis fir den Detachement gëllt, wéi de Lëtzebuerger CSV-Europadeputéierte Georges Bach erkläert. Am anere Fall kann ee Patron sech soss op de Prinzip vun der "libre circulation" vu Gidder oder Servicer beruffen. Et gouf an der Vergaangenheet eng ganz Partie Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff an déi Richtung.

Europaparlament wëllt eng Limitt vu 24 Méint

D'Parlament proposéiert, datt an Zukunft de Statut vum "detachéierte Salarié" fir maximal 24 Méint gëlle kann. Iwwert dee Punkt vun der Dauer gëtt besonnesch vill diskutéiert, well Länner wéi Frankräich an och Lëtzebuerg sech eigentlech dofir staark maachen, dës Period op 12 Méint ze begrenzen.

Am ëmstriddensten ass d'Fro vum Transport. D'Parlament ass dofir, datt dee Secteur op kee Fall sollt aus der Direktiv erausgeholl ginn. Dofir hate sech awer eng Partie Ostlänner a Spuenien a Portugal agesat. Lëtzebuerg ass net där Meenung. Den Transport soll Deel vun der Direktiv sinn, allerdéngs misst een de spezifesche Konditioune Rechnung droen, sou d'Positioun vun der Regierung.

Transport als Deel vun der Direktiv

Géif een den Transport eraushuelen, kéimen aner Secteure mat där nämmlechter Demande no, seet de Georges Bach.

Et wier net einfach gewiescht, sech eens ze ginn, seet d'Agnes Jongerius no iwwert engem Joer Verhandlungen. Datt d'Deputéiert aus dem Oste sech dofir ausgeschwat hunn, datt d'Salariéen aus Osteuropa net weider exploitéiert ginn, hätt dobäi gehollef een Accord ze fannen.

Déi nämmlecht Astellung hätten awer leider net all d'Regierungen aus deene Länner, sou déi hollännesch Sozialistin.

De Méindeg, 23. Oktober gëtt um Niveau vun den zoustännege Ministere vun de Memberlänner weider verhandelt. Am November fänken dann d'Negociatiounen tëscht Parlament a Conseil, also de Memberlänner, un.