arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Glasbléiserin
Klangbiller
Glasbléiserin
An der Glasbléiserin Pascale Seil hirem Atelier schéngt ëmmer d'Sonn. E puer Iewen soueren an hëtzen eppes zesummen. Eng rout-orange Luucht quëllt aus der Ëffnung eraus. Zanter 95 ass d'Pascale Seil indépendant a schafft zu Bäerdref mat dëser leefeger transparenter Matière. Den Jamie Reinert ass e puer Téin afänke gaangen.