Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gletscherschmëlzen: Wéi eng Konsequenzen?

Klimaschutz

Gletscherschmëlzen: Wéi eng Konsequenzen?

Dëst Joer wier warscheinlech en extreemt Joer fir d'Gletscherschmëlzen, esou de Matthias Huss, Glaziolog vun der ETH Zürich. D'Gletscher géifen zanter 2016 all Joer ronn ee Meter Déckt u Mass verléieren. Dëst Joer géifen et méiglecherweis zwee bis dräi Meter ginn. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir d'Welt an och fir d'Leit, déi bei Gletscher wunnen?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gletscher géifen zanter 2016 all Joer ronn ee Meter Déckt u Mass verléieren, dëst Joer kéinten et méiglecherweis zwee bis dräi Meeter ginn.

Dréchene Wanter, waarme Summer

Datt dëst Joer fir d'Gletscher esou extrem ass, läit ënner anerem um Wanter - dee wier immens ongënschteg gewiescht, esou de Matthias Huss, Glaziolog vun der ETH Zürich.

Et hätt ee wärend dem Wanter immens wéineg Schnéi gehat, zemools op der Süd-Säit vun den Alpen hätt et praktesch net gereent. Doduerch géif de Gletscher elo d'Schutzschicht fir de Summer feelen, erkläert de Matthias Huss.

Fir mat enger schlechter Schutzschicht an en esou konstant waarme Summer ze goen wéi dëst Joer, wier natierlech ganz schlecht fir d'Gletscher, esou de Glaziolog.

Konsequenzen op lokalem a globalem Niveau

D'Konsequenze vum Gletscherschmëlze wiere villfälteg, an dat géif op lokalem Niveau ufänken. Zum Beispill kënne Gleschterfluten oder Gletscherofbréch Biergsteiger a Communautéiten, déi an Däller liewen, a Gefor brénge.

Am Kontext vu regionalen Aflëss kéint een Effekter och an der Hydrologie spieren, esou de Glaziolog:

"Das heisst die Gletscher liefern sehr viel Wasser, vor allem jetzt, wenn es eben sonst sehr trocken und heiss ist, geben die Gletscher sehr viel von früher gespeichertem Wasser ab. Dieses Wasser ist durchaus wichtig, um die aktuelle Dürre weniger dramatisch zu machen. Also die Gletscher lindern sozusagen momentan die vorherrschende Wasserknappheit".

Dat Ganzt huet awer och ee globalen Afloss, esou de Glaziolog nach weider; wa Gletscher schmëlzen, da klëmmt de Mieresspigel. Dat wier laangfristeg gesi warscheinlech mat déi gréisste Menace fir d'Mënschheet - d'Liewensgrondlag vu Milliarde vu Mënsche wier a Gefor.

Klimaschutz kann d'Schmëlze verréngeren

D'Gletscherschmëlze wier net méi opzehalen; mee et kéint ee sech awer elo nach dozou entscheeden, dogéint virzegoen.

Do géif et just eng eenzeg Léisung ginn, seet de Matthias Huss, an dat wier de Klimaschutz:

"Wenn wir konsequenten Klimaschutz betreiben, und wie im Pariser Abkommen eigentlich vereinbart bis 2050 oder 2060 CO2 neutral sind - dazu müssten alle Staaten weltweit eigentlich zusammenspannen - dann könnte durchaus ein Teil dieser Gletscherschmelze verringert werden."