Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Madison McFerrin - (Please Don't) Leave Me Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir kënnen dat net forcéieren"

Google

"Mir kënnen dat net forcéieren"

Och wann d'Terrainsfroen zu Biissen kënne gekläert ginn, ass de Projet vum Google-Datacenter ongewëss. Google géif den Dossier generell gutt fannen, mä sech nach net zu méi engagéieren, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

auto_stories

2 min

(Foto: Bigstock / Bennymarty)

Google hëlt eréischt eng Decisioun iwwert ee méiglechen Datacenter zu Biissen, wann all Terrainsfroe schwaarz op wäiss gekläert sinn. Dat sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider no enger Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun. Sou wéi de radio 100,7 dat gemellt huet, feelt nach ëmmer d'Zouso vun engem Proprietaire, confirméiert de Minister. Aner Proprietairen hätten zougesot, mä nach net ënnerschriwwen. Dat misst elo séier gekläert ginn, soss kéint Google ofsprangen, esou de Minister.

"Ee gudden Dossier"

Wéi Google entscheet, wann d'Terrainsfroe bis gekläert sinn, konnt den Etienne Schneider net soen: Ee Konzern wéi Google wier zréckhalend. E géif sech net zu méi engagéieren, wéi ze soen, datt den Dossier "generell gutt" wier. Dat wéinst dem Accès zu Internet, Stroum a Waasser um Site zu Biissen.

Etienne Schneiderplay_arrow

"Keen einfache Projet"

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar sot, seng Partei géif d'Regierung an hiren Demarchen ënnerstëtzen. Wa Google géif op Lëtzebuerg kommen, wier dat eng grouss Opportunitéit. Et géife sech awer nach vill Froe stellen, notamment wat d'Ëmklasséiere vun den Terrainen ugeet, déi den Ament an enger "zone verte" léichen. Dat kéint d'Delaie weider an d'Längt zéien. D'Ëmsetze vum Projet géif egal wéi net einfach ginn, warnt den Oppositiounspolitiker.

Net just Google?

D'Chamber ass de Moien och informéiert ginn, datt wa Google op Biissen kéim, och "zousätzlech connexe Entreprisë" kéinten interesséiert sinn, dohinner kommen. De Laurent Mosar seet, de Minister hätt op ee Beispill aus der Belsch verwisen, wou een neien Datacenter Societéite mat ähnlechen Aktivitéiten ugezunn hätt. Ëm wéi eng Entreprisen et sech am Fall vu Biissen konkret kéint handelen, hätt de Minister awer net kënne soen.

Google wëll fir säin Datacenter een Terrain vu 25 Hektar zu Biissen kafen. Fir de Laurent Mosar stellt sech d'Fro, ob dësen Terrain duer geet, fir och aner Societéiten ënnerzebréngen - oder op an der Ëmgéigend nach genuch Plaz ass. Dorobber hätt hie vum Minister awer keng Äntwert kritt, esou den CSV-Deputéierten.

Laurent Mosarplay_arrow