Fënnef Apéro-Debate ginn zu Lëtzebuerg am Februar a Mäerz organiséiert, wou Fransouse sech politesch kënnen ausdrécken. D'Fransousen zu Lëtzebuerg hu besonnesch Problemer, erkläert d'Monique Dejeans. Si ass Member vum Parti socialiste an eng vu fënnef Conseillers consulaires, déi d'Fransousen zu Lëtzebuerg representéieren.
De Problem Schoul
Fransousen déi just e puer Joer am Land géife bleiwen, wéilten hir Kanner heefeg net am lëtzebuergesche System scolariséieren, seet d'Monique Dejeans, well si duerno zeréck a Frankräich géinge penaliséiert ginn. De Lycée français zu Lëtzebuerg wär immens deier, dat wier e Problem. De franséische President Emmanuel Macron hätt de franséische Schoulen am Ausland d'Mëttel gestrach.
En anere Problem sinn d'Steieren."... déi zousätzlech Steieren, déi d'Fransousen am Ausland musse bezuenlen, wa si Proprietéiten a Frankräich hunn. Dat verstinn d'Leit net." Och d'Berechnunge vun der Pensioun wier schwiereg, wann e Fransous am Ausland geschafft huet.
Ras-le-bol a Frankräich
D'Monique Dejeans mécht sech Suergen, datt d'Droite d'Beweegung infiltréiert, an och den Ausmooss vu verschiddene Gewaltakte condamnéiert si. Si kéint awer verstoen, datt d'Leit a Frankräich et sat hätten an och d'Motivatioune vun de Gilets jaunes kéint si verstoen. Leit, déi net genuch verdénge fir e Logement ze bezuelen, oder hir Famill duerchzebréngen. E Fonke wier duergaange fir déi Beweegung lass ze trëppelen.
All politesch Parteien hätten eng Schold drun, datt d'Leit kee Vertraue méi an d'Politik hätten. Zanter Joerzéngte géifen d'Parteien net méi verstoen, wat dobausse leeft. D'Leit hätten d'Impressioun, datt d'Politiker sech just géifen ëm sech selwer këmmeren.
Si begréisst awer och, datt d'Leit sech duerch dës Beweegung erëm politiséieren a sech wéilte bedeelegen. D'Monique Dejeans hofft, datt doduercher erëm méi Leit wiele ginn.