Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlechen Transport: Gratis oder ouni Ticket!

Chamberwahlen 2018

Ëffentlechen Transport: Gratis oder ouni Ticket!

Am Virfeld vun de Chamberwahle vum 14. Oktober 2018 proposéiert de radio 100,7 am Laf vun den nächste Wochen an der Rubrik Invité vum Dag eng Serie vu Face-à-Facen. Dës Kéier zu Besuch sinn de Marc Goergen, Spëtzekandidat vun der Piratepartei am Bezierk Süden an de Jean-Marie Jacoby vun der KPL. Theme sinn: Mobilitéit a Klimaschutz.

auto_stories

2 min

KPL a Piratepartei sinn allebéid fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, d'Pirate schwätze léiwer vun "ticket-los" wéi vu gratis, well de Service jo awer net gratis ass, mee vun der Allgemengheet bezuelt gëtt. An awer ass et vu Virdeel, wann ee kee Billjee méi brauch, seet de Marc Goergen. Net wéinst den Tariffer. D'Piratepartei wier sech bewosst, datt de Präis net deen eenzege Facteur ass, deen zielt. Den ëffentlechen Transport misst bequem an effektiv sinn. "Mee dat Bezuelen ass awer eng psychologesch Hürd, an dofir hätte mir déi gär ewech", seet de Marc Georgen.

De Jean-Marie Jacoby vun der KP stéiert sech drun, datt haut am Fong just nach déi Leit, déi beruffstäteg sinn, fir den ëffentlechen Transport musse bezuelen. Mee och déi, wéi déi jonk oder déi pensionéiert, déi haut scho gratis fueren, géife kaschten.

"Deenen Enge muss een en Ticket ausstellen, datt si gratis fueren däerfen. An deenen Anere muss een en Ticket ausstellen, datt si bezuelt hunn.

Dat wier absurd, seet de Jean-Marie Jacoby.

Marc Georgen: Auto-Vignette kombinéiert mat enger App

Fir den Ausfall u Recetten iwwer den Ticketsverkaf ze kompenséieren a fir an engems d'Leit ze encouragéieren op Bus, Tram a Bunn ëmzeklammen, proposéieren d'Piraten eng Auto-Vignette amplaz vun der aktueller Autossteier, awer net nom Schwäizer Modell (a Form vun engem Autocollant), mee a Form vun enger App, "wou ee sech op den Dag genee seng Vignette kann digital buchen. Deementspriechend ass dat och e Virdeel fir deen, wou elo säin Auto op e Joer ugemellt huet a bezilt, während en de Summer vläicht net dermat fiert oder de Wanter. Sou klickt e mueres a senger App "ech wëll net fueren", an da bezilt en och net méi", sou de Marc Georgen.

Jean-Marie Jacoby: Aarbechtsplazen dezentraliséieren a Gewerbesteier harmoniséieren

Fir d'Kommuniste wier eng Dezentraliséierung vun den Aarbechtsplazen dat bescht Rezept fir de Mobilitéitsproblem an a ronderëm d'Stad an de Grëff ze kréien. Well an der Stad, sou de Jean-Marie Jacoby, wieren iwwer 215.000 Aarbechtsplazen, dat sinn 48 Prozent vum ganze Land. An deene Gemenge ronderëm sinn nach eemol 27 Prozent. Da bleift fir d'ganzt Land soss nëmmen nach 25 Prozent iwwreg.

Mee doru géif sech wuel näischt änneren, soulaang den Hiewesaz vun der Gewerbesteier néierens méi niddereg wier wéi an der Stad. D'KPL plädéiert aus deem Grond fir een eenheetlechen Taux landeswäit, dat ass dann awer ee Punkt, deen d'Piraten anescht gesinn.