Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee "Green Deal" ouni EU-Finanzkader

Europäesch Unioun

Kee "Green Deal" ouni EU-Finanzkader

Klima a Finanze waren déi zwee Haaptsujete vun der Aarbechtsvisitt vun der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen de Méindeg beim Premier Xavier Bettel. Déi zwee Dossieren hänken enk zesummen, well der Kommissioun hire "Green Deal", vun deem haut Dënschdeg Detailer presentéiert ginn, just ka geléngen, wann d'Finanzéierung klappt. Deen hänkt vum europäesche Finanzkader fir d'Joren 2021 bis 2027 of. An do si sech d'Länner guer net eens.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Thomas Frey / dpa

Enn d'lescht Joer haten déi europäesch Staats- a Regierungscheffen op hirem Sommet keen Accord iwwer de Finanzkader fir déi nächst Jore fonnt. Jiddwereen hätt gären eppes eraus, mee kee wëllt an de Budget abezuelen - sou kann een de Probleem schematesch resüméieren.

De Xavier Bettel huet sech no senger Entrevue mat der Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen dofir opgereegt.

"Sans un Budget ambitieux, moderne et reformé, le marchö unique restera fragmanté. Nous ne puvons pas financer adéquatement nos prioristés politiques. Et je dois vous dire que les propositions actuelles ne sont tout simplement pas réalistes. Elles ne sont pas réalistes, elles ne sont pas amibiteuses, elles ne sont pas compatibles avec l'agenda politique commun, que nous nous sommes donnés en tant qu'UE."

Wann ee sech géif virhuelen, politesch méi ze maachen, misst een och bereet sinn, dat ze finanzéieren, seet de Xavier Bettel. Vun deem europäesche Budgetskader hänkt och der Kommissioun hir Propos, fir en europäeschen "Green Deal" of, dee leschte Mount annoncéiert gouf an ënnert anerem virgesäit, datt d'EU bis 2050 e klimaneutrale Kontinent gëtt. E Véierel vun den EU-Moyene sollen an de Klimaschutz goen, hat d'Kommissioun am Dezember gesot.

Xavier Bettel: Nuklear-Energie keng Léisung am Kampf géint de Klimawandel

Haut Dënschdeg wëllt d'Kommissioun Detailer vum "Green Deal" virstellen, sou d'Ursula von der Leyen.

Engersäits de sougenannten "Just Transition Mechanism", deen dofir suerge soll, datt Regiounen, déi eng staark Verännerung duerchmaache mussen, well se méi CO2-ofhängeg an der Produktioun sinn, ënnerstëtzt ginn. Iwwer de "Soustainable Eropean Investment Plan", deen der neier Kommissiounspresidentin no den "European Green Deal Investment Plan" ass, wéi, géif ee ronn eeng Trillioun Euro fräisetzen, fir an nei Technologien ze investéieren. Fir am ganzen eng Trillioun Euro Investissementer an de Klimaschutz realiséieren ze kënnen, well d'EU-Kommissioun eng änlech Hiewelwierkung asetzen, wéi beim sou genannte Juncker-Plang mat ënner der leschter Kommissioun d'Konjunktur an den Euro-Krisenlänner neess sollt ugekuerbelt ginn.

Fir Lëtzebuerg wäert beim Green Deal besonnesch wichteg sinn, op d'Nuklear-Energie zu deenen Technologië gehéiert, déi beim Erausklammen aus de fossilen Energië mat EU-Moyen finanzéiert kënne ginn oder net. Lëtzebuerg géif op sengem Standpunkt bleiwen, datt Nuklearenergie keng Léisung am Kampf géint de Klimawandel kéint sinn. Et wier eng onsécher Energiequell, déi net nohanlteg wier an där hir Käschten dacks ënnerschat géife ginn. Hie géif regrettéieren, datt sou munchen europäesche Partner den Debat op eng Diskussioun fir oder géint d'Atomenergie géif reduzéieren, sou de Premierminister.