Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Smashing Pumpkins - 1979

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisser Sportsevenementer am ëffentlech-rechtleche Fernseh?

Sport a Wirtschaft

Gréisser Sportsevenementer am ëffentlech-rechtleche Fernseh?

Den Trainer vum FC Bayern München, an dee vum Konkurrent Real Madrid, hunn dës Woch, fräiwëlleg an onfräiwëlleg, hire Stull geréckelt. Dëst beschäftegt dës Woch d’Stamineten an d'Gespréicher an de Kaffispausen europawäit. Fir eis ass et e Virwand fir hannert déi wirtschaftlech Kulisse vum Sport-Business ze kucken. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

auto_stories

3 min

Jean-Paul Hoffmann

Sport a Medien hänken enk zesummen. Dat eent funktionéiert net ouni dat anert. De Star-System vun den Athleten, ob Footballspiller oder aner Gréissten, lieft nëmmen duerch d'Medien. Déi astronomesch Gehälter vun alle Ronaldoe vun dëser Welt gi jo net aus dem Verkaf vun Entréestickete fir Matcher finanzéiert. Si ginn zu engem groussen Deel aus den Iwwerdroungsrechter finanzéiert, déi di grouss Televisiounskonzerner op den Dësch bliedere fir de Spektakel kënnen ze senden. An domat dréint déi grouss sportlech Entertainment-Maschinn.

Mat der Live-Transmissioun vu grousse Sport-Evenementer séchere sech d'Sender Publikum. Wien de richtege Sport am Programm huet, gëtt gekuckt. A wie gekuckt gëtt, huet manner finanziell Suergen, sief et well d’Publicitéitsrecettë besser fléissen, sief et well et méi schwéier ass an deem Fall eng ëffentlech Finanzéierung a Fro ze stellen. Esou Live-Rechter kaschten allerdéngs déck Milliardebeträg, mat Trend no uewen.

Déi amerikanesch Chaîne Discovery, där och Eurosport gehéiert, huet no bäi eng Milliard Dollar bezuelt fir d'Olympesch Spiller vu Rio an Europa kënnen z'iwwerdroen. Déiselwecht Rechter fir d'USA huet NBC sech 7,5 Milliarden Dollar kaschte gelooss. Fir d'Rechter vun der britescher Premier League an de Saisonen 2016-2019 bezilt Sky méi wéi 4 Milliarde GBP, a British Telecom zousätzlech nach eng weider Milliard GBP. Dës enorm Zomme finanzéieren d’Gagë vun de Star-Spiller. A si alimentéieren och den Transfertkarussel tëscht de grousse Veräiner. Alleng an de fënnef europäesche Footballgroussmuechten Däitschland, Frankräich, Italien, Spuenien an England hunn d'Veräiner am Joer 2015 fir Transferten 2,4 Milliarden Dollar ausginn – dat ass eng Rechnung vun der FIFA, an dat sinn 2% méi wéi dat Joer virdrun.

Gréisser Sportsevenementer kaum nach an Europa

En aneren Trend ass deen hei: Sportevenementer, zumindest déi éischtklasseg, si kaum nach eng europäesch Erscheinung. 2016 ass d'Football-Europameeschterschaft wuel nach an Europa, wou soss. Mee dann ass laang näischt méi. D’Olympiad 2016 ass a Brasilien, déi duerno a Japan. Football-Weltmeeschterschaft 2018: a Russland; déi duerno am Katar. Den Exodus ass net nëmme wéinst dem Geld. An e puer europäesche Stied – München, Oslo, Stockholm, Hamburg – ware rezent entweder d'Populatioun oder d'Politik dogéint, grouss international Sport-Evenementer auszeriichten. Well esou en Evenement ass en Emmerdement, dat ass jo och kloer.

Zeréck bei d’Iwwerdroungsrechter. Am Resumé ass d'Situatioun déi hei: Zemools kommerziell PayTV-Chaînen a spezialiséiert Sportchaînen (dorënner och där aus China an aus de räichen Emirater), investéiere massiv an des Evenementer, déi elo majoritairement ausserhalb vun Europa stattfannen.

Mam Netto Resultat, dass Live-Transmissioune vun éischtklassege Sportevenementer op den ëffentlech-rechtleche Sender éischter rar ginn. D’UER, d’Union Européenne de Radio Télévision, déi haaptsächlech Chaînë vum Service public regroupéiert, huet duerfir mëttlerweil en Appel gemaach un d'europäesch Memberstaten: eng Rei vu wichtege Sportsevenementer, déi di “d’importance majeure” si fir d'Gesellschaft, solle fräi empfangbar bleiwen – also och vun den ëffentlech-rechtleche Sender kënnen iwwerdroe ginn, ouni dass dat si en Heede Geld u Rechter kascht. Sou dass zum Beispill déi franséisch Fernsehnatioun d'Exploite vun de franséischen Top-Athlete kënnt op der Televisioun gesinn, ouni dofir an e Pay-TV-Abonnement missen ze investéieren.

Ob den Appel vill déngt ass zweiwelhaft. Geschäft ass Geschäft.