Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir Blo-Rout-Gréng

Regierung

Gréng Luucht fir Blo-Rout-Gréng

DP, déi gréng an LSAP hunn an hire respektive Gremie fir eng nei Oplag vun der Dräierkoalitioun gestëmmt. Um LSAP-Kongress gouf et awer och vill Kritik.

auto_stories

3 min

"Unanime positiv" bei der DP, quasi eestëmmeg bei déi gréng, grouss Majoritéit bei der LSAP. De Wee fir d'Regierung Bettel-Braz-Schneider II ass fräi.

Rout Kritik

Um ausseruerdentlechen LSAP-Kongress zu Stroossen war d'Stëmmung awer ugespaant. Et gouf 20 Wuertmeldungen, een Deel dovu mat schaarfer Kritik wéinst dem schlechte Resultat bei de Chamberwahle vum 14. Oktober. Verschiddener hunn eng Erneierung an der LSAP gefuerdert. De Parteipresident Claude Haagen huet fir Enn Januar e Kongress ugekënnegt fir all Gremien ze erneieren. De Koalitiounsaccord ass um Enn mat grousser Majoritéit ugeholl ginn. Vun de ronn 400 Delegéierten hunn der 13 dogéint gestëmmt, sechs hu sech der enthal. Déi sozialistesch Regierungsequipe ass am Generalrot mat 56 zu 13 Stëmmen ugeholl ginn.

Gréng Waasserzeechen

Aner Ambiance bei déi gréng: D'Partei, déi de 14. Oktober dräi Mandater an der Chamber bäikrut, huet sech an der Abtei Neimënster gefeiert. 213 vun den 217 Delegéiert hu fir déi gréng Ministeren gestëmmt, de Koalitiounsaccord gouf eestëmmeg ugeholl. En Accord deen "op all Säit e gréngt Waasserzeechen" géif droen. Mat neie Ressorte wéi Logement, Kultur, Energie, Verdeedegung a bannescht Sécherheet hätten déi Gréng an der neier Regierung vill méi Responsabilitéit, wéi déi lescht fënnef Joer, esou den neien an ale Justizminister Felix Braz. Déi Gréng wiere prett déi Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Allerdéngs géifen et keng gemittlech Jore ginn.

Blo Unanimitéit

Hie wier als Formateur der Meenung, datt blo, rout a gréng sech am Koalitiounsaccord erëmfanne kéinten, esou de Xavier Bettel (DP) no der Reunioun vum Comité directeur vu senger Partei. Et géif sech net ëm de Wahlprogramm vun enger Partei handelen, mee ëm e Kompromëss tëschent dräi Parteien. Mat engem eestëmmege Vott hunn d'Membere vum Comité directeur vun der Demokratescher Partei de Regierungsprogramm an déi liberal Regierungsequipe guttgeheescht. Am Comité directeur wier et keng Stëmm ginn, déi sech fir eng Regierungskoalitioun mat der CSV ausgeschwat hätten, esou d'DP-Presidentin Corinne Cahen.

D'Corinne Cahen seet, si wier der Meenung, datt de Koalitiounsaccord méi ambitiéis ass, wéi dee vun 2013: "Mir kennen eis besser an hu fënnef Joer méi Erfarung", esou déi nei an al Familljen- an Integratiounsministerin. Datt am Koalitiounsaccord wéineg Datume genannt gi bis wéini déi verschidde Mesurë sollen ëmgesat ginn, wier e bewosste Choix. Et hätt ee bäigeléiert. Si hätt selwer als jonk Ministesch eng Kéier en Datum avancéiert, dee si net agehalen hätt, an dat hätt si ëmmer virgeworf kritt: "Iergendwann seet ee keen Datum méi".