Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenzkontrollen: Eng Ausnam, keng Reegel

Schengen-Zon

Grenzkontrollen: Eng Ausnam, keng Reegel

Terroristesch Attacken, Flüchtlings-Beweegungen oder awer d'Corona-Pandemie: D'EU-Memberlänner hunn an de leschte Joren ëmmer nees Kontrollen op de Bannegrenzen vun der EU agefouert. Engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff no ass dat net konform mam EU-Recht.

auto_stories

3 min

Éisträich hat op senge Grenze mat Ungarn a mat Slowenien vu Mëtt September 2015 un Kontrollen agefouert. Déi exzeptionell Mesure gouf e puer Mol ëm sechs Méint verlängert. Dat war net konform mam EU-Recht, seet elo den Europäesche Geriichtshaff, un deen dat regionaalt Verwaltungsgeriicht aus der Steiermark appelléiert hat. Ee Slowen hat geklot, nodeems hien e Protokoll vun den éisträicheschen Autoritéite krut, wëll hie refuséiert hat, säi Pass op der Grenz ze weisen.

Verlängerung just am Fall vun neie Menacen

De Schengen Grenz-Code erlaabt et Memberlänner Grenzkontrolle fir maximal sechs Méint anzeféieren, wann et eng seriö Menace fir d'Sécherheet gëtt, rappelléiert d'Geriicht. Eng Verlängerung wier just da méiglech, wann et eng nei Zort vu Menace gëtt. Éisträich hätt awer net däitlech gemaach, datt dat de Fall war.

"D'Urteel mécht d'Reegelen iwwert d'Aféiere vu Grenzkontrolle méi kloer", esou de Commentaire vun der Kommissiounsspriecherin Anitta Hipper.

D'Kommissioun steet an der Kritik, well si bis elo d'Memberlänner méi oder manner gewäerde gelooss huet. Si decidéieren zanter Joren ëmmer nees op eege Fauscht, op hire Grenzen ze kontrolléieren.

Kommissioun sicht politesch Léisung am Dialog

Den Ament hunn aacht EU-Länner der Kommissioun matgedeelt, dat si zäitlech begrenz Grenzkontrollen agefouert hunn - déi meescht dovun ginn als Grond eng Menace duerch Terrorismus oder organiséiert Kriminalitéit un. Dozou gehéiert niewent Éisträich an Däitschland och nach ëmmer Frankräich, wat wéi vill anerer seng Mesure eréischt am November zejoert ëm sechs Méint verlängert hat.

Op d'Fro, ob Bréissel elo legal Schrëtter géint d'Länner hëlt, gouf et an enger éischter Reaktioun keng kloer Äntwert. D'Urteel misst ënnersicht ginn sou de Chefspriecher Eric Mamer. D'Kommissioun géif hei net an éischter Linn eng juristesch, ma eng politesch Léisung sichen, am Dialog mat de Memberstaaten.

Am Dezember hat d'Kommissioun nei Reegele fir d'Schengen-Zone proposéiert - an deenen och d'Méiglechkeet vun de Grenzkontrollen nei abordéiert soll ginn. Allerdéngs bleiwen och hei vill Froen ob, an et d'Länner kriten nach ëmmer a ville Fäll d'Méiglechkeet temporär Kontrollen anzeféieren. Kritik doru koum aus dem Europaparlament, d'Memberlänner sinn am gaangen hir Positioun festzeleeën.

Zeréck bei d'Geriicht an Éisträich

Ob Éisträich elo effektiv konträr zum Schengen gehandelt huet misst schlussendlech d'Geriicht an der Steiermark decidéieren, schreiwen iwwerdeems d'Riichter an hirem Urteel vun en Dënschdeg.

Kloer wier, datt keng Persoun ka gezwonge ginn, hire Pass oder Carte d'identité ze weisen, wann d'Grenzkontroll net konform mam Schengen-Code ass.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.