Grondschoul: nei Grille horaire
Den Educatiounsministère envisagéiert e neie Stonneplang fir d’Grondschoul.
D’Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL huet déi nei Grille e Freideg publizéiert. An der Grondschoul soll d’Schoul an Zukunft Méindes a Mëttwochs bis fënnef Auer daueren, woubäi déi läscht Stonn fir Appui mam Schoulmeeschter reservéiert ass.
Méindes, Mëttwochs a Freides sollen d’Kanner kéng Hausaufgabe méi kréien. Déi Reorganisatioun bedeit, datt d’Tâche vum Enseignant massiv an d’Luucht gesat gëtt, heescht et a engem Communiqué vun der Enseignantsgewerkschaft. Alles an allem missten d’Enseignante 55 Minutten d’Woch méi Schoul hale wéi bis elo. D’Schoul wär kéng Garderie, sot dozou op Nofro hin de SEW-President Patrick Arendt.
Den integralen Interview mam Patrick Arendt um Mikro vum Mick Entringer:
Den Edukatiounsminister huet am Gespréich mam Jean-Claude Franck reagéiert. Déi nei Grille wier e Virschlag, deen nach misst diskutéiert ginn. D'Ausso vum SEW, datt d'Enseignante mat de proposéierten Ännerunge méi schaffe misste, kéint hien net novollzéien :