Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Demande fir Lëtzebuergesch Coursen

Rentrée beim INL

Grouss Demande fir Lëtzebuergesch Coursen

7.500 Schüler hu sech fir dat neit Schouljoer beim INL ageschriwwen - d'Zuele weisen an de leschte Jore kontinuéierlech no uewen. De Sproocheninstitut bitt aacht Sproochen un - de gréisste Succès hunn dobäi franséisch an awer och lëtzebuergesch Coursen.

auto_stories

2 min

"Munches deit drop hin, datt mir dëst Joer déi meescht Aschreiwungen an de lëtzebuergesch Course kréien.", seet d'Maisy Gorza, d'Directrice adjointe vum INL - dem Institut nationale des langues - e puer Deeg virun der Rentrée. D'lescht Jore wieren nach 37 Prozent fir franséisch Course gewiescht, 34 Prozent fir d'Lëtzebuergescht. Déi Zuelen hätte sech fir dëse September inverséiert.

Eng 130 Enseignante schaffe beim INL: ënner anerem sinn dat 42 Franséisch a 40 Lëtzebuergesch Proffen. "Hei gi kontinuéierlech Leit gesicht", seet d'Maisy Gorza.

Iwwer d'Sprooch bei d'Nationalitéit

De Succès vun de lëtzebuergesch Course baséiert um Fait, datt een esou un déi Lëtzebuerger Nationalitéit kënnt. Den INL organiséiert den deementspriechende Sproochentest: vun elo un all Dag: e gouf deelweis digitaliséiert.

Am Sproocheninstitut kann een och de sougenannten ZLSK maachen: den Zertifikat "Lëtzebuerger Sproch a Kultur". Deen huet Succès. Dëst Joer ass e mat 40 Aschreiwungen ausgebucht. Mat deem Zertifikat kann een an de Gemenge Lëtzebuergesch enseignéieren.

Am ganze ginn aacht Sproochen am INL enseignéiert - nieft den zwou genannten, sinn et Englesch, Däitsch, Portugisesch, Spuenesch, Italienesch, Chinesesch,

Den INL huet säi Site um Lampertsbierg - schafft awer och enk mat der Uni um Belval zesummen. "Do ginn et weider Opportunitéiten", seet d'Maisy Gorza.