Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Majoritéit vum Schoulpersonal ass geimpft

Educatioun

Grouss Majoritéit vum Schoulpersonal ass geimpft




87 Prozent vum Léierpersonal hei am Land si mëttlerweil voll geimpft. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch de Moie matgedeelt. Bis d'Rentrée géif den Taux viraussiichtlech bei bal 90 Prozent leien, heescht et op Nofro hin am Educatiounsministère. Vun de Schüler tëscht 12 an 18 Joer sinn der d'Hallschent geimpft, esou nach den Educatiounsminister. D'Berodungen iwwer dat sanitäert Konzept fir d'Schoulrentrée lafen iwwerdeems grad op Héichtouren.


auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dëse Freideg hunn den Educatiounsministère an d'Santé sech als Delai gesat fir eng Propos zum sanitäre Konzept virzeleeën. Dat schreiwen den Educatiounsminister Claude Meisch an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. Et hätt een d'Evolutioun vun den Infektiounszuelen iwwer de Summer wëllen ofwaarden, fir sécherzestellen, datt déi sanitär Mesuren un déi aktuell Situatioun adaptéiert sinn, sou d'Erklärung.

Uganks nächster Woch sollen dann d'Schoulpartner consultéiert ginn. Dozou gehéiere gewéinlech déi national Schülerkonferenz, d'Elterevertriedung an d'Enseignantsgewerkschaften. E Mëttwoch ass Regierungsrot, wou da soll tranchéiert ginn.

Wat genau geplangt ass, verroden d'Ministeren net an den Educatiounsministère wëllt sech och op Nofro hin net dozou äusseren. An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro ass et déi méi grondsätzlech Ausso, datt een um Stufeplang wëll festhalen, dee sech d'lescht Schouljoer bewisen hätt. Dat heescht, jee no Presenz vum Virus an de Schoulen aner Mesurë gëllen.

Kee CovidCheck-Regimm fir d'Schoulen

Ausgeschloss gëtt dann, datt de CovidCheck-Regimm fir den "allgemengen Zougank zur Educatioun" kéint gëllen. D'Ministere Meisch a Lenert ginn ze bedenken, datt et eng allgemeng Schoulflicht gëtt. Mee nach hätten net all d'Schüler Geleeënheet gehat sech komplett impfen ze loossen. An d'Kanner ënner zwielef hätten déi Méiglechkeet guer net.

D'Aféiere vum CovidCheck-Regimm géif fir net geimpften oder geheelte Schüler eng Testflicht bedeiten. An datt d'Tester an de Schoule weider solle fräiwëlleg sinn, gëtt an der parlamentarescher Fro präziséiert.

Et heescht dann awer, datt de CovidCheck-System als een Element vum Stufeplang kéint zum Asaz komme "wann et Infektioune bannent engem Grupp gëtt".

Nach keng Kloerheet iwwer Masken am Unterrecht

Wéi eng Roll Masken am sanitäre Konzept wäerte spillen, ass nach net bekannt.

Sief an deem Kontext drop verwisen, datt am aktuelle Covid-Gesetz virgesinn ass, datt fir schoulesch a para-schoulesch Aktivitéiten d'Maskeflicht just dobanne gëllt a wann ee sech déplacéiert - also net wa Schüler op hirer Plaz sëtzen. Vun der Maskeflicht ausgeschloss sinn d'Spillschoul an de Precoce. D'Gesetz vu Mëtt Juli leeft nach bis Mëtt September, also just éier d'Schoul nees ufänkt.