Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Militärmanöveren tëschent Russland a Belarus

Ukrain-Kris

Grouss Militärmanöveren tëschent Russland a Belarus

Déi grouss Militärmanöver tëschent Russland a Belarus hunn ugefaangen, zu engem groussen Deel ganz no un der Grenz tëschent Belarus an der Ukrain. Do gëtt weiderhi gefaart, datt dës Exercicer zu enger Invasioun vun der Ukrain kéinte féieren.

auto_stories

3 min

Experte soen, datt elo schonn iwwer 135.000 russesch Zaldote laanscht der ukrainescher Grenz positionéiert sinn. Sollt et zu engem Ugrëff kommen, dann ass d'Grenz tëschent Belarus an der Ukrain eng logesch Plaz: d'Haaptstad Kiew ass just iwwer 100 Kilometer ewech. D'russesch Arméi misst duerch eng ganz bekannte Plaz marschéieren. Déi heescht Tschernobyl.

Eng roueg Stad

Schonn zanter 1986 ass et roueg ginn an der Stad Pripyat, wou déi ganz Bevëlkerung evakuéiert gouf an ni zeréckkoum. Et ass ze geféierlech, ze radioaktiv. Och bal 36 Joer no der Atomkatastroph just niewendrun an der Stad Tschernobyl.

Och déi Stad gouf evakuéiert, mee e puer Dausend Leit wunnen elo nees hei, dorënner eng Fra, déi als Guide Leit an d'Evakuatiounszon bréngt.

"Ech weess net genee wat mech ugezunn huet, mee wou ech hei eng Visitt gemaach hunn, do hunn ech en Deel vu mengem Häerz hei gelooss. Ech kann et net erklären, ech weess net firwat et geschitt ass, mee ech hunn dës Plaz immens gär. Ech si frou hei."

Si wëllt anonym bleiwen, fir esou fräi iwwer Politik schwätzen ze kënnen. Si fiert all Dag vun Tschernobyl aus an déi nächst Stad - ee klengen Deel vum Trajet féiert si duerch Belarus.

"Dat ass ee politescht Spill"

Theoretesch wier dëst eng ideal Plaz, wou dem Wladimir Putin seng Truppe kéinten ugräifen - änlech wéi am Donbas virun aacht Joer, wou och haut nach Krich ass. "Mir wëssen, wat am Oste vum Land lass ass", zielt d'Guide, hire Brudder wunnt zu Donetsk. "Ech mengen awer net, datt de Wladimir Putin méi wäit an d'Land wëllt", esou d'Aschätzung vun der Fra.

Foto: Philip Crowther

Selwer wéisst si net, wat genee op der Grenz lass ass. "Ech mengen, et ass just e politescht Spill, et mécht mech net nervös", zielt d'Fra. Si géif sech éischter Suergen ëm d'Wärung maachen, a wéi deier de Bensinn an Iesswuere sinn, an dat obwuel Dausend russesch Zaldote just e puer Dose Kilometer wäit fort stationéiert sinn.

"Mir schwätzen iwwert eist Liewen"

Déi ukrainesch Arméi huet virun e puer Deeg an der radioaktiver Zon trainéiert. Dat wier falsch, mengt d'Fra aus Tschernobyl: et wier eng friddlech Plaz, wou net geschoss soll ginn. Et sollt ee probéieren net ze vill doriwwer nozedenken.

"Nee, mir schwätzen iwwer eist Liewen, net nëmmen iwwer Krich oder Politik. Wa mir eng Fläsch Wäin opmaachen da schwätze mer iwwer eis Kanner, eis Liewen, a net nëmmen iwwer Krich. Ganz éierlech."

Si seet, si géif hiert Land ni verloossen: Zu Tschernobyl huet si sech verléift, an der Stad niewendrun ass si bestuet ginn. Elo soll net nach eng weider Tragedie an dës Géigend kommen.

Zu Pripyat gesäit een, wéi d'Zukunft vun der Sowjetunioun sollt ausgesinn, eng fonkelnei Stad fir déi Leit, déi um Reakter geschafft hunn. Elo héiert ee just nach de Wand.