Radioen

On air

De Moien  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Reformen a grouss Protester

25 Joer 100,7

Grouss Reformen a grouss Protester

Dräi Ministeschen an zwee Ministeren. Reformen an der Grondschoul an am Secondaire. PISA-Etüden a Schülerstreiken. Wat ass a 25 Joer Educatiounspolitik alles geschitt? Ee Réckbléck.

auto_stories

5 min

Juni 1994, Deklaratioun vu Salamanca. Op der Weltkonferenz iwwer Educatioun a spezifesch Besoinen a Spuenien ënnerschreiwen 92 Regierungen, dorënner och déi lëtzebuergesch, eng Deklaratioun fir eng inklusiv Approche an der Schoul. Kanner mat Behënnerung kréien d'Recht an déi regulär Schoul ze goen. Fënnef Joer drop léist d'Regierung d'Integratioun an de lëtzebuergesche Schoule vum Jean-Louis Chappellier, engem Expert vun der Universitéit vu Mons, iwwerpréiwen. Bei der Presentatioun vu sengem Rapport de 9. Juni 1999 hält de Jean-Louis Chappellier fest, datt déi professionell Ënnerstëtzung fir d'Enseignanten enttäuschend wier.

"Mir hu leider zimlech vill Professioneller, virun allem Enseignanten, déi fannen, datt d'logistesch Ënnerstëtzung, déi si vun de spezialiséierte Servicer kréien net duer geet. Am Duerchschnëtt géif ech soen, datt all Zweeten ugëtt, datt d'Ënnerstëtzung wéineg oder guer net befriddegend ass."

Schockant PISA-Resultater

De véierten Dezember 2001 goufen d''Resultater vun der éischter PISA Etüd, der weltwäit gréisster Etüd iwwert d'Schoul-Leeschtungen, publizéiert. Lëtzebuerg schneit ganz schlecht of. D'DP-Educatiouns-Ministesch Anne Brasseur weist sech schockéiert iwwert d'Lëtzebuerger Resultater. An der Etüd, déi vun der OECD realiséiert gouf, a wou d'Kompetenzen vun de 15-Jähregen a Liesen, Mathe a Naturwëssenschafte getest goufen, läit Lëtzebuerg op drëtt-leschter Platz. Just Brasilien a Mexiko kommen nach hannendrun.

Och bei der PISA-Etüd 2015 louch Lëtzebuerg erëm ënnert dem OECD-Duerchschnëtt an hannert deene meeschten aneren europäesche Länner. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch decidéiert am Mäerz dëst Joer, datt de Grand-Duché nëmme méi all sechs Joer un der PISA-Etüd soll Deel huelen.

Grondschoulreform

2009 reforméiert d'LSAP-Ministesch Mady Delvaux d'Grondschoul. Fir d'Kanner vum éischten an zweete Schouljoer ginn et keng Punkten a keng klassesch Zensure méi. Déi ginn ersat duerch detailléiert an dokumentéiert Bulletinen. Am Zentrum vun der neier Evaluatioun steet deemno d'Kompetenz.

"Eng Kompetenz, dat ass net elo d'Vokabele kennen oder iergende Stéck aus der Grammaire kennen oder ech weess net wat aus der Syntax", sot deemools de Roby Brachmond aus dem Educatiounsministère. Eng Kompetenz wier zum Beispill een Text schreiwen, oder een Text liesen a verstoen. Et wéilt een déi grouss Handlungsfäegkeeten evaluéieren, "an net déi kleng eenzel Techniken, oder dat Wëssen, dat mir dee Moment brauchen, fir déi Kompetenze selbstverständlech opzebauen."

Dat Joer drop fält de Punktesystem och am drëtten, véierten, fënneften a sechste Schouljoer ewech, déi vun elo un Zyklus dräi a véier heeschen.

Reform am Secondaire

Zu der geplangter Reform am Secondaire kënnt et awer an der Mady Delvaux hirer Mandatszäit net méi. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch finaliséiert dës Reform am Joer 2017. Et kënnt ënnert anerem zu Ännerungen am Premièresexamen. D'Zuel vun den Exame gouf reduzéiert. Vun der Rentrée 2017/18 u sinn nëmmen nach sechs schrëftlech an zwee mëndlech Exame virgesinn. D'Zil wier et, "fir wierklech dem Schüler d'Méiglechkeet ze ginn, sech optimal op déi sechs schrëftlech Epreuven an déi zwou mëndlech Epreuve kënnen ze preparéieren", esou de Claude Meisch am Abrëll 2017. An den Haaptfächer vun der gewielter Sektioun misst een allerdéngs obligatoresch Epreuvë beleeën.

Jumbo,- Schüler - an de 5611 Streik

An deene leschte 25 Joer gouf d'Schoulwiesen och reegelméisseg vu Streiken opgemëscht. Zum Beispill am Joer 1995. Fir z'evitéieren, datt d'Stater Bussen zu de Stousszäiten iwwerfëllt sinn, entscheet d'Gemeng, datt d'Schüler kee Recht méi op gratis Transport op verschiddene Linnen hunn. Et kënnt zum sougenannte Jumbostreik. Déi nei Reegelung wier "absurde Quatsch", esou d'Kritik vun de Schüler. No zwee Deeg Manifestatiounen a Verkéierschaos an der Stad ass eng Delegatioun vun de Schüler bei der Stater Buergermeeschtesch empfaange ginn. D'Lydie Polfer (DP) kënnegt un, datt d'Restriktiounen opgehuewe ginn, bis eng besser Léisung fonnt gëtt.

D'Joer drop kënnt et zum nächste Schülerstreik. D'CSV-Educatiounsministesch Erna Hennicot-Schoepges ass eréischt ee Joer an hirem Mandat, mee hir Reformpolitik suergt scho fir Opreegung an de Schoulen. Tëscht 4 a 6'000 Schüler aus verschiddene Schoule waren de ganzen Dag op der Strooss. E Spezial-Zuch huet ronn dausend Schüler aus dem Norden an d'Stad bruecht an zu Esch hunn eng zwee dausend Schüler fir méi Transparenz am Schoulsystem demonstréiert. D'Haaptfuerderunge waren d'Ënn vun enger oniwwersiichtlecher Reformpolitik an d'Ofschafe vun enger Spuerpolitik zu laaschte vun de Schüler.

Zéng Joer méi spéid kënnt et zum sougenannte 5611 Streik. Bal 8'000 Schüler maache beim Schülerstreik mat. Dat well e Gesetzprojet vum CSV-Aarbechtsminister François Biltgen ënnert anerem virgesäit, datt Jonker, déi no Schoulofschloss keng Aarbecht fannen, kee Recht op Chômage méi hunn.

Bei den Enseignante kënnt et 2013 just bal zum Streik. Nëmme 40 Prozent vun den Enseignanten hu sech dofir ausgeschwat. D'Gewerkschaften SEW an APESS hate sech sëlwer e Quorum vu 50 Prozent gesat. Hannergrond war d'Ëmsetze vun der Reform vum ëffentlechen Déngscht am Enseignement.

Och géint d'Reform vun de Studiebäihëllefe sinn d'Schüler op d'Strooss gaangen. Tëscht 10 a 17'000 Schülerinnen a Schüler hunn 2014 beim Streik géint de geplangte Gesetzesprojet 6670 an der Stad manifestéiert. Ee Schüler sot deemools, "datt bis elo d'Basisbourse bei 6'500 Euro louch. Den Här Meisch huet Wëlles vu 6'500 op 2'000 Euro erofzegoen. Mir sinn net mat enger sougenannter sozialer Bourse averstanen, déi Famille mat ville Kanner ongerecht benodeelegt." A weider, ...

"Si soe kierzen, mir soe stierzen!"

De Claude Meisch muss agestoen, datt de sougenannte Streikcomité 6670 een "Erfolleg" gelant hat. De Jonken hir Fuerderunge ginn net all ëmgesat, mee Adaptatioune kommen.