Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guardian mécht net zou

Glasproduzent

Guardian mécht net zou

D'Wierker vum Flachglasproduzent Guardian zu Käerjeng an zu Diddeleng sollen net zougemaach ginn. Dat huet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener en Dënschdeg ugekënnegt. D'Informatiounen an der Press iwwer eng méiglech Fermeture wieren "net nozevollzéien".

auto_stories

2 min

Déi US-amerikanesch Entreprise Guardian wéilt an d'Modernisatioun vun den zwee Sitten zu Lëtzebuerg investéieren, sou d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener en Dënschdeg an der Chamber. Eng Entreprise misst reegelméisseg investéieren, fir kompetitiv ze bleiwen. De Wirtschaftsministère wier och permanent a Kontakt mat Betriber wéi Guardian.

Et géif ee Guardian an ähnlech Entreprisen encouragéieren a begleeden, fir weider zu Lëtzebuerg z'investéieren, fir den nationale Standuert an déi domadder verbonnen Aarbechtsplazen z'erhalen. Dowéinst wier de Wirtschaftsminister momentan och an Amerika. Dëst Treffe mam President a mam CEO vu Guardian wier schonn zanter e puer Woche geplangt gewiescht an hätt näischt mat rezenten Artikelen an der Press ze dinn, seet d'Francine Closener.

Keng Pläng fir Käerjenger Site zouzemaachen

E Samschdeg hat RTL gemellt, datt d'Firma Guardian 100 Milliounen Dollar an d'Wierk zu Diddeleng investéiere misst, an nach eng Kéier déi selwecht Zomm fir de Site zu Käerjeng. D'Alternativ wier et, dës Fabricken zouzemaachen. De Stefano Araujo, Zentralsekretär vum zoustännegen OGBL-Syndikat, wousst allerdéngs näischt dovunner. Hie wéisst net wou déi Zuele géifen hierkommen. Hien hätt ee gudden Dialog mat den Direktioune vun den zwee Wierker. "Do ass nach ni iwwert sou Sue geschwat ginn", seet de Stefano Araujo.

D'Guardian-Wierk zu Diddeleng hätt knapps 300 Mataarbechter an de Site zu Käerjeng ëm déi 350, sou de Stefano Araujo. Datt d'Wierker hei zu Lëtzebuerg elo sécher net sollen zougemaach ginn, begréisst hien. D'Entreprise géif gutt fonctionnéieren an e géif och Beneficer maachen - och duerch déi gutt Zesummenaarbecht tëscht Gewerkschaft a Betrib.

Hie kéint sech net virstellen, datt de Betrib net weider géif investéieren. Investitioune wieren an deem Secteur néideg. "Ech mengen, et ass eng Produktiounslinn. Wann de Betrib net méi investéiert, da mécht en iergendwann zou. An datt weider investéiert gëtt, ass en Zeeche fir d'Zukunft."

Weiderentwécklung amplaz Fermeture

Et wier bei der Entrevue tëscht dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider mat Dirigente vun der Flachglasfirma Guardian ëm d'Weiderentwécklung vun de Sitten zu Käerjeng an zu Diddeleng gaangen, sou d'Francine Closener. Et géif an nei Equipementer an nei Technologien an an nei Recherche-Aktivitéiten investéiert ginn. Guardian géif d'Efforten an d'Hëllefe vum Lëtzebuerger Wirtschaftsministère och wäertschätzen a benotzen, fir d'Industrie weider ze digitaliséieren.