Radioen

On air

De Moien  |  Unknown Mortal Orchestra - Nadja

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Salariéen zu Lëtzebuerg manner gutt protegéiert"

Sozialwahlen 2019

"Salariéen zu Lëtzebuerg manner gutt protegéiert"

A Fäll vu Licenciementer wéinst "raisons économiques" wieren d'Salariéen zu Lëtzebuerg manner gutt protegéiert wéi a Frankräich, an Däitschland an an der Belsch, seet den Erwann Sevellec, Responsabele vum juristeschen Departement beim OGBL.

auto_stories

2 min

Hien hätt d'Impressioun, datt et zu Lëtzebuerg net genuch legal Ofsécherung géif ginn, an datt een de Riichter net genuch Kloerheet géif ginn, wat d'Definitioun vun engem Licenciement économique betrefft. "Et gëtt kee spezifeschen Artikel, et gi keng Fallbeispiller am Aarbechtsrecht. D'Gewerkschaft wëllt, datt d'Geriichter sech méi an d'Gestioun vun enger Entreprise amëschen, an ech si perséinlech der Meenung, datt dat ganz ausgeschloss ass."

Dat wier d'Proprietéitsrecht, dat sech géif ausdrécken. "Ech sinn der Meenung, datt eng Entreprise net just an engem Proprietéitsrecht besteet, mee och sozial, ekologesch an an der Ëmwelt Responsabilitéiten huet", sou den Erwann Sevellec.

Gewënner vu Geriichtsaffären: Net méi tendenziell de Salarié

Ronn 1.800 Geriichtsaffäre wéinst Litigen a Sozialkonflikter a Betriber lande pro Joer bei der Lëtzebuerger Justiz.

Déi meeschte betreffe Licenciementer a Salairen, déi net integral bezuelt gi sinn, seet de Jurist vum OGBL, Erwann Sevellec. A 95 Prozent vun de Fäll wier et de Salarié, deen déi juristesch Demarche mécht.

Viru ronn 20 Joer wiere d'Majoritéit vun den Decisioune vun de Geriichter nach éischter pro Salarié gewiescht, seet de Guy Castegnaro. Haut wier dat anescht. "Deen, deen de beschten Dossier an déi beschten Argumenter hätt, géif d'Affär gewannen. "An et ass net de Salarié, dee schlussendlech gewënnt", sou de Guy Castegnaro.

ITM mécht gutt Aarbecht

D'ITM géif hir Aarbecht mëttlerweil besser maachen, well se mëttlerweil méi Mëttel, méi Inspekteren huet. "Ech gesinn an de Courrieren, déi d'ITM u meng Cliente mécht, datt et eng Kontroll gëtt a mat och heefeg Drohungen, déi den Employeuren Angscht maachen, a si reagéieren doen", sou de Guy Castegnaro.

Den Erwann Sevellec ass der Meenung, datt d'ITM hir Aarbecht gutt géif maachen, "an deem Ausmooss, wou se kann". D'ITM wier nach ëmmer "flagrant ënnerbesat" a si géif dat och selwer zouginn. Et bräicht ee 50 Inspekteren an et huet een der momentan 20.