Radioen

On air

Notturno  |  Symphony Orchestra - Intersection

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handel mat CO2 Emissiounen: D'EU misst mam gudde Beispill vir goen

Kampf géint de Klimawandel

Handel mat CO2 Emissiounen: D'EU misst mam gudde Beispill vir goen

Den Handel mat CO2 Emissiouns-Rechter soll weltwäit ausgebaut a perfektionéiert ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sot eis, dat wier den Haaptpunkt vun der Klimakonferenz zu Madrid, déi den nächste Méindeg ufänkt. Als Modell fir en internationalen Handelssystem fir CO2-Certificaten kéint den europäeschen ETS (Emissions Trading System) gëllen. Fir effikass ze sinn, misst dee System awer nach verbessert ginn, mengt de Pierre Reyland.

auto_stories

3 min

Pierre Reyland

Am Joer 2005, viru bal 15 Joer, hat d'EU deen éischte multinationale System ageféiert, fir mat CO2-Emissiounsrechter ze handelen. Den ETS - "Emissions Trading System". Fir Energieproduzenten an Industrie-Betriber an der EU goufen CO2-Certificaten obligatoresch. Ee Certificat gëtt d'Recht, eng Tonn CO2 an d'Loft ze blosen. Mee d'Quantitéit vun de Certificate gouf limitéiert. Betriber, déi manner ausstoussen, kënne sou Certificaten, déi se net gebraucht hunn, op enger Bourse un aner Betriber verkafen, déi der net genuch hunn. Zil ass et, CO2-Emissioune progressiv ze reduzéieren. Mat der Logik, datt Betriber och en ekonomeschen Interêt drun hunn, méi propper ze ginn. Well dat iergendwann fir si méi bëlleg géif ginn, wéi ëmmer nees extra CO2-Certificaten ze kafen.

De Präis vun de Certificate spillt do eng zentral Roll. A bleift bis haut e Problem beim europäeschen Emissiounshandel. Well ze vill Certificaten accordéiert goufen, an um Maart waren, an d'Offer méi grouss wéi d'Demande war, war de Präis laang niddreg. Manner wéi fënnef Euro huet eng Tonn C02 jorelaang kascht.

An Tëschenzäit huet d'EU d'Schrauf ugezunn. D'Quantitéit vun accordéierte Certificate gouf a gëtt progressiv reduzéiert; an et gi manner Certificate gratis accordéiert. De Präis ass och elo geklommen - op ronn 20 Euro pro Tonn CO2. Mee dat wier ëmmer nach ze niddreg, seet zum Beispill d'Weltbank. Si mengt, 80 US Dollar wier de Minimum, deen eng Tonn CO2 misst kaschten.

Verschidde Secteure musse keng Certificate kafen

Zweete Problem: D'Flicht an der EU, fir CO2-Certificaten ze kafen, gëllt fir d'Energieproduktioun an Industrie-Betriber, mee net fir aner Secteuren, zum Beispill, den Transport oder d'Landwirtschaft. D'Aviatioun fält an Tëschenzäit zwar drënner, mee just fir Flich bannent der EU. Dat alles mam Resultat, dass nëmme 45 Prozent vun den CO2 Emissiounen an der EU ënner den Emissiounshandel-System falen.

Déi däitsch Regierung huet, an hirem Klimaschutzplang, viru kuerzem decidéiert, d'Secteuren Transport a Gebaier lues a lues mat an den Emissiounshandel ze huelen. Kéng direkt CO2-Steier, wéi d'SPD see wollt, mee ëmmerhin: Eng Flicht, och fir d'Bensin an Diesel-Verkeefer an Däitschland zum Beispill, Verschmotzungsrechter ze besëtzen, an also dofir ze bezuelen.

D'EU misst mam gudde Beispill virgoen

Dës kleng Revolutioun an Däitschland kéint d'EU an aner EU Länner dozou beweegen, och politesch méi sensibel Beräicher mat an den Emissiounshandel ze huelen.

Well d'EU läit, grad wéi déi aner Länner, déi de Paräisser Klimaaccord ratifizéiert hunn, nach wäit ënner hiren deklaréierten CO2-Reduktiounsziler. An d'UNO huet an hirem rezenten "Emissions Gap" Rapport, der EU ënner anerem rëmkommandéiert, de System vum Emissiounshandel mat CO2 an aneren Zäregaser un en Null-Emissiounen- Zil unzepassen.

Wann op der Klima-Konferenz zu Madrid geplangt ass, sech iwwer e weltwäiten Handelssystem fir CO2-Certificaten eens ze ginn, sollt d'EU vläicht mam gudde Beispill virgoen.