Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net hannert all Flüchtling stécht een Terrorist"

UNO-Generalversammlung

"Net hannert all Flüchtling stécht een Terrorist"

auto_stories

1 min

De Xavier Bettel mam Philip Crowther

"Mir gesinn dass et am Syrien-Konflikt keng Léisung gëtt", esou de Xavier Bettel. No fënnef Deeg UNO-Generalversammlung zu New York, engem Sommet zum Thema Flüchtlingskris an no Versich a Syrien eng Wafferou ze fannen, ass dem Premier seng Konklusioun net positiv. D'Initiativen déi fir d'Wafferou vu russescher an amerikanescher Säit geholl géife wiere fragil. "Mir gesinn, datt et net weider geet."

De Premier huet gewarnt, et soll een net hannert all Flüchtling ee potentiellen Terrorist gesinn. Dat wier populistesch a géing net der Wourecht entspriechen: "Et muss ee wëssen, datt 99,9 vun de Refugiéë fortgelaf si wéinst dem Terrorismus. Si sinn Affer vum Terrorismus." Am Ëmgang mat der Flüchtlingskris sollen aner Länner sech ee Beispill u Lëtzebuerg huelen amplaz d'Grenzen zouzemaachen, fuerdert de Premier.

Zu New York huet de Xavier Bettel och annoncéiert, Lëtzebuerg wéilt an de Joren 2031 an 2032 een neit Mandat am UNO-Sécherheetsrot hunn.


Lauschtert hei de ganzen Interview mam Premier:

Interview mam Xavier Bettelplay_arrow

An de Bäitrag vun eisem USA-Korrespondent Philip Crowther:

Xavier Bettel zu New Yorkplay_arrow